FouillenNeit Gesetz bestëmmt, wéini a wéi eng Persoun däerf duerchsicht ginn

D'Aarbecht vun der Police géif ëmmer méi schwéier ginn, well alles hannerfrot gëtt, esou de Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz.

police,polizei© police,polizei
Dat nodeems hien den Deputéierte vun der Justizkommissioun Ried an Äntwert stoung. En neit Gesetz iwwert d'Fouillë vu Leit soll nämlech fir méi rechtlech Sécherheet suergen – souwuel fir deen, deen duerchsicht gëtt, wéi och fir de Polizist, deen d'Fouille mécht.

Et gehéiert zum Alldag vun engem Polizist, ma bis ewell huet kee Gesetz definitiv an am Detail gekläert wéini, wou a firwat hien eng Persoun dierf duerchsichen. Dat soll sech elo änneren. E wichtege Schrëtt fir de Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz.

"Mir waren och Demandeur als Police, fir e Gesetz ze kréien, wat eise Leit méi Rechtssécherheet gëtt. Well um Terrain sinn et ëmmer eis Leit, déi et mussen ëmsetzen a wat do de Kontext méi kloer ass, wat et besser ass.“

Am neien Text soll deemno kloer ënnerscheet ginn tëscht zwou verschidden Zorte Fouillen: der Fouille de sécurité an der Fouille probatoire.

Eng Fouille de sécurité géif gemaach fir ze kucken, ob déi betraffe Persoun näischt bei sech huet, woumat si engem kéint, wéi doen oder dat hir géif hëllefe fortzelafen.

Eng Fouille probatoire dogéint wier fir no méigleche Beweismëttel, fir eng Strofdot ze sichen. Dat geschitt entweder op Uerder vum Untersuchungsriichter oder direkt wann eng Persoun bei enger Strofdot erwëscht ginn ass.

Iwwerdeems gesäit den Text och dräi verschidde Stufe vu Fouillen vir.

Bei enger Fouille simple gëtt een ofgetaascht oder mat engem Metalldetekter iwwerpréift, ouni dass ee sech dofir awer muss ganz ausdoen. D'Posch oder all anere Bagage, deen een derbäi huet, dierfen och gekuckt ginn.

Bei enger Fouille intégrale muss dee Betraffenen sech deels oder och ganz ausdoen. Hei dierf de ganze Kierper gekuckt ginn, och an de Mond, an den Oueren, ënnert den Äerm an tëscht de Been.

Déi drëtt Stuf ass dann en Examen intime, wou och déi verschidde Kierperëffnunge kontrolléiert ginn. Dat dierf awer nëmmen en Dokter maachen.

Ma dat alles huet näischt domat ze dinn, wann ee virum Concertssall oder dem Futtballstadion seng Posch soll weisen, wéi de Justizminister Felix Braz erkläert.

"Do ass d'Fräiwëllegkeet am Mëttelpunkt. Do gëtt et och keng Reegelen. Well déi eenzeg Reegel, déi et do gëtt an déi et a mengen Aen och do soll ginn ass déi, dass ech decidéieren, wat mat mir selwer geschitt. A wann ech domat net averstane sinn, da verloossen ech dat a si verdénge mat mir kee Su méi. Et ass also net ze verwiesselen – dee Gedanke kënnt engem vläicht – mä et huet strictement näischt mat deem ze dinn, wat mir haut hei diskutéieren, well dëse Projet de loi, dee reegelt déi Fouille, där ee sech net däerf entzéien, well et dofir e dofir och e legale Grond gëtt.“

Allgemeng schéngen sech d'Deputéiert relativ eens gewiescht ze sinn. No e puer leschten Amendementer kéint dëse Gesetzesprojet deemno scho ganz geschwënn gestëmmt ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.