Jonk Fuerscher3 Lëtzebuerger zu Taipeh ausgezeechent

De Valentin Ringlet, den Alex Muller an de Maverick Schmit konnte sech an der taiwanesescher Haaptstad iwwer eng zweet Plaz freeën.

Déi jonk Fuerscher a Gewënner vum nationale Concours "Jonk Fuerscher" kruten den zweete Präis op der "Taiwan International Science Fair" zu Taipeh fir hiren ausseruerdentleche Projet am Beräich Engineering: engem Modular concrete 3D printer, deen de Bau vun Haiser méi bëlleg maache soll.

Op der offizieller Gruppefoto steet de Lëtzebuerger Trio zimlech lénks: Valentin Ringlet (3.v.l.), Alex Muller (4.v.l.) a Maverick Schmit (5.v.l.), op dem Ausschnëtt hei drënner stinn déi 3 jonk Fuerscher aus dem Grand-Duché an der Mëtt.



22 Länner ware vertrueden, plus Taiwan als Organisateur.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.