Europäeschen Dag vum 112Ronn 800 Appellen den Dag um Noutruff hei am Land

Haut ass den 11. Dag vum 2. Mount vum Joer. Setzt een Dag a Mount beieneen, huet een d'Zuel 112. Déi ass sou zimlech iwwerall an Europa bekannt.

112 ass d'Urgencen-Nummer an 28 Länner, och zu Lëtzebuerg, déi ee gratis ka ronderëm d'Auer uruffen, 7 Deeg op 7.

All Dag kritt den 112 hei am Land iwwer 800 Appellen. 5 Operateuren an ee Chef de salle, wéi dat heescht, huelen d'Uriff entgéint an traitéiere se. Den 112 gëllt hei am Land fir d'Rettungsdéngschter, also d'Pompjeeën an d'Ambulanz, an et gëtt nach d'Nummer 113 fir de Police-Noutdéngscht.

2017 gouf et zum Beispill 262.000 Noutriff. Dat waren der 720 an der Moyenne den Dag. Doropshi gouf et 180 Asätz den Dag fir d'Rettungsdéngschter.

Wann een urifft, ass déi wichtegst Fro: Wou gëtt d'Hëllef gebraucht? Wou ass den Accident geschitt? Dat muss ee méiglechst präzis beschreiwen. Wat ass geschitt ass déi aner wichteg Fro? Dofir kritt een eng Rei präzis Froe gestallt. Den Operateur decidéiert dann, wat muss op d'Plaz geschéckt ginn.

Den Noutruff gëtt leider och ugeruff, fir Informatioune ze kréien iwwert wéi e Spidol oder Apdikt Déngscht huet. Dat soll een awer onbedéngt vermeiden. Déi Informatioune fënnt een zum Beispill um Internet op 112.lu, op rtl.lu an der Rubrik Service an den Dageszeitungen oder um Info-Telefon 9007 1234.

Radio-Reportage: Eng 100 Sekonne Geschicht vum Bob Konsbrück