Austausch vu Steier-InformatiounenMeescht Rapporte stoungen a Verbindung mat Locatioune vu Wunnengen

Knapp 301.000 Rapporte krut d'Lëtzebuerger Steierverwaltung, zanter 2014 d'europäesch Direktiven iwwert den Echange vu steierlechen Informatiounen gëllen.

Dee Chiffer gëllt fir déi 4 Steierjoeren 2014-2017, woubäi 2017 nach net komplett ass, well nach am Laf vun dësem Joer kënnen Informatiounen ausgetosch ginn.

Et geet also ëm Lëtzebuerger Residenten, déi hir Suen am Ausland op Konten hunn, sief dat z.B. wat Pensiounen ugeet, Paien oder och Suen, déi duerch Locatiounen era koumen. D'Steierverwaltungen sinn natierlech nëmme gehalen, déi Informatiounen auszetauschen, wouriwwer se och informéiert ginn. Dat äntwert de Finanzminister Gramegna op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Laurent Mosar.

Den CSV-Politiker wollt och gewuer ginn, wéi vill Steieren dann duerch den Echange konnten an d'Staatskeese gespullt ginn, mä heirop gouf et keng Äntwert vum Minister. Wéi et heescht, kéint dee Chiffer eréischt matgedeelt ginn, wann d'Informatiounen aus dem Ausland vun de Steierbureaue verschafft goufen.

Déi meescht Rapporten aus dem Ausland gouf et iwwregens fir Revenuen, déi aus der Pacht oder der Locatiounen vu Wunnengen erakoumen, an op auslännesche Konte stinn - fir d'Joer 2016 waren dat iwwer 56.000 esou Rapporte fir dës Kategorie.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.