Parlamentaresch FroWat geschitt mat den Infrastrukture vum Schlass zu Schengen?

Virun de Chamberwale war nach annoncéiert ginn, datt eventuell eng Hotelschoul kéint doranner logéiert ginn?

Dës parlamentaresch Fro stellt d'Miseler CSV-Deputéiert Octavie Modert a wëll gewuer ginn, wou dee Projet drun ass. Ëmmerhin e Gebai aus dem 13. Joerhonnert, dat klasséiert ass a wou bis 2014 en Hotel-Restaurant-Betrib dra war, nodeem den Uerde vun den Elisabethrinnen hei während 70 Joer logéiert hat.

D'Ministeren Etienne Schneider a Pierre Gramegna bleiwen evasiv an hirer Äntwert a soen, datt de Projet vun enger Hotelfachschoul nach an engem Stadium vun "analyse préliminaire" wier, fir iwwerhaapt mol ze préiwen, ënnert wéi enge Konditiounen de Staat d'historesch Gebailechkeete kéint kafen.

Duerfir wier de Projet vun enger neier Hotelschoul zu Schengen och nach net am Staats-Budget vun dësem Joer virgesinn. Den Ament gehéiert d'Schlass dem Immobilien-Grupp Regus.

D'Ministere präziséieren awer, datt e Besoin un Ausbildungsméiglechkeete fir den Horesca-Secteur besteet, well an dësem Domaine eng ronn 21.000 Plaze géife gezielt ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.