Meisch confirméiertRegional-Direktioun aus Fondamental hat Visitt vu Krëppercher verbueden

Donieft präziséiert de Minister, datt eng Visitt vun enger Kierch oder Krëppche keng reliéis Aktivitéit ass, mä zum kulturelle Patrimoine gehéiert.

© AFP (Archiv)

Et stëmmt, datt eng "Regional-Direktioun" vun der École fondamentale et verbueden hat, datt Kanner sollte Krëppercher kucke goen, déi a Kierche sinn.

En entspriechende Communiqué gouf et am Dezember vun der Direktioun un d'Presidenten an der Regioun. Wéi et heescht, missten d'Elteren de formellen Accord ginn, fir datt hir Kanner bei esou enger Visitt an de Kierchen dierfte matgoen, betraff war den Cycle 1.

D'Informatioun, déi d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen héieren hat, gouf vum Educatiounsminister Claude Meisch confirméiert. De Minister schwätzt vun engem "Incident", engem Virfall also, a stellt kloer, datt d'Krëppercher zum kulturelle Patrimoine gehéieren an duerfir och duerchaus kéinten am Kader vun engem Ausfluch besicht ginn, och wann dëst an enger Kierch wier.

De Claude Meisch präziséiert och, an dat dierft un d'Leit an der Regional-Direktioun adresséiert sinn, datt eng einfach Visitt vun enger Kierch oder soss enger Plaz vun enger reliéiser Communautéit net kéint assimiléiert gi mat enger reliéiser Aktivitéit u sech. Hei misst eng kloer Trennung gemaach ginn.

Am Plan d'Etudes fir d'Fach "Vie et société" ass dann och ënner anerem virgesinn, datt d'Kanner reliéis oder zivil Ritualer an Traditioune solle beschreiwen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.