Quasi 2 Joer donoEnquête vum Zuchaccident vu Beetebuerg sou gutt wéi ofgeschloss

Dat schreift de Journal um Dënschdeg a krut dat vum Porte-Parole vun der Justiz confirméiert.

De 14. Februar 2017 waren tëscht Beetebuerg a Zoufftgen jo e franséische Gidderzuch, an e lëtzebuergesche Persounenzuch kollidéiert. Eng Persoun war deemools ëm d’Liewe komm.

De Journal krut confirméiert, dass de leschte Rapport vun engem Schwäizer Expert d’lescht Woch un den zoustännegen Untersuchungsriichter gaange wier. Parallel goufen och, no enger juristescher Demande an den USA, d’Messenger-Daten vum verstuerwene Maschinist ausgewäert.

Um Untersuchungsriichter wier et deemno elo, ze decidéieren wéi et weidergeet: op Leit ugeklot ginn, respektiv op d’Affär klasséiert gëtt.