FrontalkollisiounSchroen Accident tëscht Kruuchten a Rouscht

Um Dënschdeg de Moien koum et tëscht Kruuchten an dem Rouscht zu enger Frontalkollisioun tëscht engem Camion an engem Auto. Eng Persoun war ageklemmt.

Géint 7.30 Auer en Dënschdeg de Moien gouf et mi en uergen Accident op der Streck tëscht Kruuchten an dem Rouscht. E Camion, dee vum Rouscht aus ënnerwee war, ass un d'Schleidere geroden a krut en Auto, deen entgéint gefuer koum, frontal ze paken.

De Chauffer vum Camion gouf net verwonnt. De Bäifuerer aus dem Auto gouf awer ageklemmt an huet vun der Rettungsekippe misse gebuerge ginn. Et gouf nach op der Plaz no him gekuckt, ier e schwéier blesséiert an d'Spidol koum. De Chauffer hat Chance a gouf liicht verwonnt.

D’Rettungsequippen, notamment och de Samu-Noutdokter, waren am Asaz. D’Streck war bis 10.15 Auer komplett gespaart.

© Olidom Multimedia