Bail net verlängertHouwald - Grousst Areal mat Butteker wäert verschwannen

An den nächste Joren dierft sech d’Bild vum Houwald veränneren. Wéi den "Essentiel" confirméiert krut, wäerten eng 14 Commercë verschwannen.

© Olimdom Multimedia
Si kréien hire Bail net verlängert.

Concernéiert wiere Butteker an der Rue des Scillas ronderëm de gréissere Parking, wou och e Grill-Restaurant ass.

De belschen Investisseursbüro Baltisse hätt wëlles, op där Plaz en neie grousse Projet ze realiséieren, mat Büroen, Logementer an och vereenzeltem Commerce.

© Olidom Multimedia


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.