Xavier Bettel heescht de "Lëtzebuerger vum Joer 2011"

Lëtzebuerger vum Joer 2011: Xavier Bettel virun Andy Schleck a Jean-Claude Juncker ... Plus d'Nimm vun den 2 gléckleche Gewënner!

Den erweiderte Podium: 1. Xavier Bettel, 2. Andy Schleck, 3. Jean-Claude Juncker, 4. Serge Tonnar a 5. Den Hoppen Théid.
Eng 3.000 Leit hu sech agelogged an op RTL.lu ofgestëmmt. An elo steet d'Resultat fest ...

... ma éier mer bei d'Resultat kommen, hei nach d'Nimm vun eisen zwee hoffentlech gléckleche Gewënner, well ënnert all deenen, déi mat ofgestëmmt hunn, goufen 2 Präisser verspillt: den iPad 2 ass fir d'Monia Brauers vu Käerjeng an den iPhone 4S, och offréiert vu LUXGSM, ass fir den Alex Mathey aus der Stad. Mir gratuléiere ganz häerzlech!



Lëtzebuerger vum Joer 2011 ass de Xavier Bettel. Deen neie Stater Buergermeeschter konnt mat Ofstand déi meeschte Stëmme sammelen.

Op déi zweete Plaz kënnt de Lëtzebuerger vun de Joren 2009 an 2010, den Andy Schleck. Fir den Triplé ass et fir d'Vëlosvedette also net duergaangen. Hire Réckstand op déi 1. Plaz: iwwer 350 Stëmmen!

Dofir huet den Andy Schleck awer sengersäits och eng serieux Avance op déi drëtte Plaz, déi fir de Jean-Claude Juncker ass. De Premier hat et jo 2008, bei der éischter Wiel vum "Lëtzebuerger vum Joer", op déi éischte Plaz gepackt.

Wat d'Eenzelstëmmen um Podium ugeet: 1.856 waren der fir de Xavier Bettel, 1.481 fir den Andy Schleck an 1.210 fir de Jean-Claude Juncker.

Wéi gouf gewielt?

Nodeems d'Utilisateure vun RTL.lu an enger éischter Phas Nimm proposéiere konnten, haten der et 25 an d'Finale-Ronn geschafft. Zeréckbehale goufen déi, déi am dackste virgeschloe goufen, allerdéngs mat der Aschränkung, déi eenzel Beräicher vun der Gesellschaft esou gutt wéi méiglech anzebannen.

Bis den 31. Dezember 12h konnt du ofgestëmmt ginn a jiddereen hat maximal 6 Stëmmen ze gutt, déi een esou verdeele konnt, wéi e wollt (méi wéi 3 Stëmme konnt een awer kengem ginn).

Erauskomm ass dobäi dëst Bild - mir publizéieren hei just déi éischt Halschent vum Score, also Plazen 1 bis 13, well dono gëtt et och eng kleng Zäsur an der Stëmmenzuel. A wien an der Wielergonscht net esou wäit uewe stoung, dat gëtt net verroden ... Just esou vill: Een zeréckgetruedene Minister an eng ëmstridde Ministesch landen zimlech ofgeschloen ...

Hannert dem Gewënnertrio kommen de Museker Serge Tonnar an "Den Hoppen Théid", deen treiste Spectateur vun RTL Télé Lëtzebuerg, op d'Plazen 4 a 5.

Gudde Score och fir den Dirk Bockel, deen et op déi 6. Plaz schafft. Domat läit den Triathlet ganz knapp virum Ierfgroussherzog Guillaume op der 7. Plaz.

Am Iwwerbléck

Hei elo déi 13 éischt Plazen am Iwwerbléck:

1. Xavier Bettel
2. Andy Schleck
3. Jean-Claude Juncker
4. Serge Tonnar
5. Den Hoppen Théid
6. Dirk Bockel
7. Ierfgroussherzog Guillaume
8. Ranga Yogeshwar
9. Fränk Schleck
10. André Urbing
11. Änder Hoffmann
12. Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
13. Jules Hoffmann

Opfälleg ass: keng Fra ënnert den éischten 13! Dobäi waren der och 5 ze wielen. "Lëtzebuergerin vum Joer", wann een dat esou nenne wéilt, wier an deem Fall d'Mandy Minella als éischten Damm op der Plaz 14.

Wéi repräsentativ esou eng Online-Ofstëmmung ass, doriwwer ginn d'Meenungen ausernaner. Well jidderee fräi war, matzemaachen, konnten natierlech keng wëssenschaftlech Critèrë spillen. Trotzdem: D'Resultat seet, bei deene ville Leit, déi matgemaach hunn, sécher eppes aus iwwert d'Präferenze vun deene Leit, déi op RTL.lu surfen. An datt si och allgemeng Trends verréit, domat dierften och déi meescht d'accord sinn.

Reaktioun vum "Lëtzebuerger vum Joer"

Nom Poste vum Buergermeeschter kënnt also elo nach den Titel vum Lëtzebuerger vum Joer fir de Xavier Bettel dobäi.
Fir den DP-Politiker eng grouss Surprise!

 Reaktioun Xavier Bettel (1) »


An enger éischter Reaktioun sot sech de Xavier Bettel immens iwwerrascht an erfreet iwwert dee "prestigiéisen Titel" an och dankbar fir déi Unerkennung an dat Vertrauen, déi him a senger Aarbecht domat géingen entgéint bruecht ginn.

 Reaktioun Xavier Bettel (2) »


Dat Neit Joer géint esou op alle Fall scho mol gutt ufänken ... Ëmmerhin steet de Xavier Bettel elo an enger Rei mam Jean-Claude Juncker (2008) a mam Andy Schleck (2009 an 2010).


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.