Um Samschdegowend: Trauliichtbrennen an der Robbesscheier

Ëm 19 Auer huet Munzen nees eng al Lëtzebuerger Traditioun opliewe gelooss: E klengen Ëmzuch mat Geeschtergesiichter aus Rommelen.

Et sollt grujeleg sinn an et war grujeleg ... Wéi et ugefaangen huet, däischter ze ginn, ass d'Prëssessioun mat den Trauliichten, déi d'Kanner virdrun aus Rommele geschnëtzt a mat Gromperen a Muerten dekoréiert haten, bei der Robbesscheier fortgaangen - e kuerze Wee laanscht Felder an duerch e Bësch.

Op den eenzelne Statioune gouf (ganz ellen) den "Hexemeeschter" gesongen, fir déi béis Geeschter ze verdreiwen. Op der leschter Statioun gouf dunn eng Geeschterpopp an e grousst Feier gehäit an duerno konnt ee sech nach Brout un der Spëtzt vun engem Bengel u méi klenge Feiere baken ("Stockbrot").

Iwwert d'Trauliichtwochen ...



Dat herrlecht Hierschtwieder - och wann et déck kal war - huet zum Succès vun der traditioneller Munzener Trauliichtfeier bäigedroen.

Um Samschdegmëtteg ass nach fläisseg gebastelt ginn© Luc Marteling


Mam Trauliicht sollte fréier d'Geeschter an der Nuecht vum 31. Oktober op den 1. November verdriwwe ginn - well da fänkt déi däischter Zäit vum Joer un an an der Zäit huet ee gefaart, da géingen d'Séile vun deene Verstuerwenen zeréckkommen ...

© Robbesscheier


Bis den 31. Oktober steet zu Munzen nach alles am Zeeche vun den "Trauliichtwochen".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.