Lëtzebuerger vum Joer: Eng Infirmière an e Buschauffer!

2 Net-Promien hunn d'Course gemaach: De Romain Hilbes gëtt Lëtzebuerger vum Joer 2012 an d'Eliane Leger déi éischt Lëtzebuergerin vum Joer. Felicitatioun!

Romain Hilbes an Eliane Leger
Eng 3.000 Leit hu sech an de leschten Deeg op RTL.lu ageloggt an hir Stëmm ofginn. An erauskomm ass eng Iwwerraschung: Net e Promi gëtt "Lëtzebuerger vum Joer", ma "Onbekannter" ginn et. An dat an deenen zwou Ofstëmmungen, well nom "Lëtzebuerger vum Joer", deen et zanter 2008 gëtt a wou Fraen a Männer nominéiert konnte ginn, gouf et dëst Joer fir d'éischt eng separat Wiel: fir de Lëtzebuerger a fir d'Lëtzebuergerin vum Joer.

No enger éischter Phas, an deene Persoune proposéiert konnte ginn, war et dono un den Internauten, fir hir Stëmmen ze verdeelen: 6 hat een der bei all Wiel a sengem Favorit konnt een der maximal 3 ginn. 15 Kandidaten a 15 Kandidatinne waren nominéiert. Eraus komm si ganz kloer Resultater!

Ladies first!

Fänke mer mat den Dammen un. Bei der éischter Online-Wiel vun der Lëtzebuergerin vum Joer op RTL.lu stinn 2 Infirmièren un der Spëtzt: d'Eliane Leger aus dem Hôpital Kirchberg an d'Tessy Fautsch, déi dacks fir MSF a Krisegebidder ënnerwee ass. Op déi éierbar drëtte Plaz kënnt d'Prinzessin Stéphanie.



Hei d'Top Ten, esou wéi d'Usere vum Site se gesinn:

1) Eliane Leger (2253 Stëmmen)
2) Tessy Fautsch (1866)
3) Prinzessin Stéphanie (854)
4) Marie Müller
5) Mandy Minella
6) Vera Spautz
7) Blanche Weber
8) Ketty Thull
9) Viviane Reding
10) Monique Feltgen

Lëtzebuergerin vum Joer: Eliane Leger by Nico Graf



Dann zu den Hären

Mat däitlechem Virsprong gouf hei och ee gewielt, deen net prominent ass: De Romain Hilbes ass de Shooting Star, deen de Politstar a Gewënner vum Joer 2011, de Xavier Bettel, op déi zweet Plaz verweist. Op d'Plaz dräi kënnt ee weidere Shooting Star, awer aus engem ganz anere Beräich: den James Borges.



Hei dann och d'Top Ten vun den Hären:

1) Romain Hilbes (3691 Stëmmen)
2) Xavier Bettel (2877)
3) James Borges (1181)
4) Gaston Vogel
5) Jean-Claude Juncker
6) Ierfgroussherzog Guillaume
7) Serge Tonnar
8) Laurent Carnol
9) Ronny Riff alias Al Ginter
10) Jean-Claude Hollerich

Lëtzebuerger vum Joer: Romain Hilbes by Nico Graf



Hei nach d'Erklärung, firwat d'Gewënner, déi onbekannten, iwwerhaapt nominéiert goufe vun den Internauten: D'Eliane Leger ass eng Infirmière, déi sech am Spidol Kierchbierg fir hir Patienten, virun allem Kriibspatienten, engagéiert, ëmmer en oppent Ouer a grousse Respekt huet. An de Romain Hilbes huet bei engem Accident zu Käl als Buschauffer engem Kand, dat keen Häerzschlag méi hat, éischt Hëllef geleescht an ëm domat d'Liewe gerett.

Fir komplett ze sinn: Lëtzebuerger vum Joer 2011 war de Xavier Bettel, 2010 an 2009 war et den Andy Schleck an 2008 de Jean-Claude Juncker.

Nimm vun den 3 Gewënner

Ënnert allen, déi ofgestëmmt hunn, hu mir och 3 Präisser vu P&T LUXGSM verspillt. Hei d'Gewënner:

1 Samsung Galaxy S III (Smartphone) fir den André Mathieu vun Diddeleng
1 Samsung Galaxy Note II (Tabphone) fir d'Manon Mariusvu Monnerech
1 Samsung Galaxy Note 10.1 (Tablet) fir de George A. Dessouroux aus der Stad

RTL seet alle Kandidate Merci an allen, déi mat ofgestëmmt hunn.

Kommt gutt an dat Neit Joer! Mir freeën eis ewell op d'Wiel vun der Lëtzebuergerin a vum Lëtzebuerger vum Joer 2013!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.