RTL.LU: De Jean-Claude Juncker ass de Lëtzebuerger vum Joer

Gold fir de Jean-Claude Juncker, Sëlwer fir den Andy Schleck a Bronze fir de Kim Kirchen. Op RTL.LU hunn 2.568 Leit de Lëtzebuerger vum Joer 2008 gewielt.

Elo ass et offiziell: De Premier ass de "Lëtzebuerger vum Joer 2008". Net manner wéi 2.568 Leit hunn op RTL.LU gewielt an de Jean-Claude Juncker huet net manner wéi 16 Prozent vun alle Stëmme kritt.

Op d'Plazen 2 an 3 kommen zwee vun eise beschte Cyclisten: den Andy Schleck (10,17%) an de Kim Kirchen (8,33%).

Mir felicitéiere ganz häerzlech!

Op déi ondankbar Plazen hannendru kommen - ganz no openeen - de Fränk Schleck (6,55%) an den Thierry van Werweke (6,15%), ganz knapp virum Grand-Duc Henri (6,03%) an dem David Goldrake (5,90%), fir deen et op Facebook esouguer en extra Grupp vu Supporteren fir "de Lëtzebuerger vum Joer" gëtt ...

Aus 25 Lëtzebuerger Perséinlechkeete konnten d'Internauten an de leschte Wochen op RTL.LU wielen, dëst nodeems si virdrun an net manner wéi 400 Maile Kandidate proposéiert haten, aus deenen der du 25 zréckbehale goufen. 6 Stëmmen hat jiddereen, dee sech op RTL.LU agelogged hat, an der Finalronn ze gutt, maximal 3 konnt een der engem Kandidat ginn.

Den Detail (Top12) an den Numm vum iPhone-Gewënner gëtt et op RTL.LU.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.