Studenteprêt: ACEL stellt hir Fuerderunge un nei Regierung

D'ACEL huet en Dënschdeg hire Studentenguide virgestallt, deen et zanter 1987 gëtt, huet donieft awer och hir Fuerderunge zum Studenteprêt formuléiert.

Zum Dossier Studenteprêt gehéiert virun allem den Student als eng autonom Persoun unzegesinn, an dass dëse mobile kann sinn, sou dass studéieren am Ausland méiglech ass a bleift.

Zanter dem Juni 2013 ass d'Aide Financière rëm en Diskussiounsthema, well jo den europäesche Geriichtshaff Lëtzebuerg veruerteelt huet d'Boursegesetz ëmzeänneren. Et muss een ebe lo kucke wéi een dat ganzt ännert, sou den Clifton Clano vun der ACEL, well d'Frontalieren jo och elo d'Recht op eng Bourse hunn. A wann elo sou vill Leit dat ufroen, wäert sech jo och de Käschtepunkt verduebelen.

De Student soll als eng autonom Persoun considéréiert ginn. Vum Virschlag rëm op deen ale Boursësystem zeréckzegoen, hält d'ACEL guer näischt. Dat hänkt deen Ament nees vun de soziale Critèren of an d'Akommes vun den Elteren nees den Haaptpunkt considéréiert gëtt, fir ze kucken wéi vill Bourse ee kritt.

Wann iwwerhaapt sozial Critère berücksichtegt ginn, sollen dat der sinn, déi op den Student selwer bezu sinn, wéi beispillsweis d'Fro op den Student selwer bestued ass oder en Akommes huet. Weiderhi fuerderen si och d'Méiglechkeet mobilen ze sinn. Dofir sollen och Studenten déi en Loyer ze droen hunn, ënnerstëtzt ginn, op déi lo an Lëtzebuerg studéieren an eben am Ausland. De Statut Etudiant soll deene Studenten hëllefen déi net méi verséchert sinn, sou d'Jil Welter vun der ACEL.

Dëse Statut soll sech awer net nëmmen op eng Krankeversécherung bezéien, mä och d'Aide Financière, aner Sozialleeschtungen, d'Recht op bezuelbar Stagen oder och méi bëlleg Transportkäschten mat abezéien.

Et gëtt sech eng gutt Zesummenaarbecht mam neie Ministère erhofft. D' ACEL war zefridde mam leschte Ministère, an hofft dass dëst ënnert der néier Regierung sou weidergeet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.