Koalitiounsaccord ënnerschriwwenRoberto Traversini neie Buergermeeschter zu Déifferdeng

E Sonndegowend hunn d'Membere vun déi Gréng, CSV an LSAP eestëmmeg gréng Luucht fir déi nei Majoritéit ginn.

De Roberto Traversini, neie Buergermeeschter vun Déifferdeng? D'Chancë sti gutt.

Neien Déifferdenger Buergermeeschter gëtt wéi erwaart den 1. Schäffe vu bis elo Roberto Traversini vun déi Gréng. De grénge Schäffe Georges Liesch bleift am Schäfferot.

Neien éischte Schäffe gëtt den Erny Müller vun der LSAP. Den zweete Sozialist am Schäfferot ass de Fred Bertinelli.

De Kulturrressort geet mam Tom Ulveling un d'CSV.

De Wee fir d’Dräierkoalitioun zu Déifferdeng ass elo fräi. De John Hoffmann huet um Dënschdeg de Moien aus dem Schäfferot demissionéiert. E bleift awer Conseiller.

Domat kann déi nei Equipe am nächste Gemengerot guttgeheescht ginn.

Di 3 Parteie féiere weider wat DP a Gréng ugefaangen hunn, allerdéngs geet ee bësse méi wäit an der Beräicher Logement, Soziales oder Aarbecht, sot de Buergermeeschter faisant fonction Roberto Traversini.


Gemeinsame Pressemitteilung der Differdinger CSV, Déi Gréng und LSAP:
Einstimmigkeit bei drei Parteien
.

Die Zeit des politischen Stillstandes in der Cité du fer ist vorbei: Gestern Abend  (13.Januar 2014) befanden die Parteigremien der drei künftigen Koalitionspartner zeitgleich über das ausgehandelte Koalitionsprogramm. Die Gremien der CSV, Déi Gréng und LSAP stimmten dem Programm einstimmig zu. 

Dieses Wahlresultat ist das Produkt einer sehr engen und kollegialen Zusammenarbeit der drei Parteien. Jede Fraktion konnte demnach die ihr wichtigen Punkte in das Koalitionsabkommen einschreiben und setzt gleichzeitig die Zeichen für die Zukunft Differdingens: wir blicken zuversichtlich in eine gemeinsame Zukunft und werden die drittgrößte Gemeinde des Landes zum Wohle der Bürger/innen leiten.

Das Koalitionsabkommen wird anlässlich der Schöffenratserklärung vorgestellt. 

Das Ziel der neuen Koalition ist es noch vor den Karnevalsferien das Budget 2014 zur Abstimmung zu bringen.

Die Ressortverteilung sieht folgendermaßen aus:

                               Collège des bourgmestre et échevins

                                    Déi Greng – LSAP – CSV

Bourgmestre

Roberto Traversini  ( Déi Greng )

Ressorts:

  • Ressources humaines
  • Affaires sociales
  • Commerce et industrie
  • Finances communales
  • Intégration des citoyens non luxembourgeois
  • Communication
  • Jeunesse et Seniors
  • Égalité des chances
  • Sapeurs pompiers
  • Logement

1ier Échevin et remplaçant du bourgmestre

Erny Muller  ( LSAP )

Ressorts:

  • Remplacement du bourgmestre
  • Développement urbain, urbanisme
  • Bâtiment publics ( travaux neufs )
  • Tourisme

Échevin

Tom Ulveling  ( CSV )

Ressorts:

  • Services de régie (CID)
  • Affaires culturelles, associations culturelles
  • Festivités
  • Santé publique
  • Infrastructures réligieuses
  • Entretien des rues
  • Aires de jeu

Échevin

Fred Bertinelli  ( LSAP )

Ressorts:

  • Sport, associations sportives
  • Circulation
  • Sécurité publique
  • Présidence du comité de prévention
  • Agents municipaux

Échevin

Georges Liesch ( Déi Greng )

Ressorts:

  • Environnement
  • Énergie
  • Affaires scolaires et structures d‘accueil
  • Informatique

De Marcel Meisch ass enttäuscht

Neiwahle kéinten d'Situatioun zu Déifferdeng rëm richt béien, wann et net schonn ze spéit wär, där Meenung ass de Marcel Meisch. Zanter leschter Woch ass zu Déifferdeng jo de Chaos ausgebrach, nodeems d'Kandidatur vum DP-Politiker Jean-Hoffmann refuséiert ginn ass. Schonn am Dezember huet de Jean Lorgé vun der DP sech zeréckgezunn, well ouni hien an enger Sëtzung iwwert d'Noréckele vu verschidde Persounen an de Schäfferot ofgestëmmt ginn ass. Zum Beispill de Marcel Meisch, deen och de Kulturressort iwwerhuele wollt. De Marcel Meisch ass enttäuscht. Virun allem iwwert d'Behuele vum Jean Lorgé.

Et hätt ee kéinten d'Situatioun zu Déifferdeng evitéieren, sou den DP Politiker weider. An dat andeems een op de Jean Lorgé gewaart hätt fir Decisiounen ze huelen. Géif een haut ee Referendum zu Déifferdeng maachen, da géif ee ganz kloer gesinn, wei d'Bewunner de Moment denken. Weider wollt de Marcel Meisch näischt méi zu der Affaire soen.

D'DP ass alles anescht wéi frou

Et géif ee wuel zur Kenntnis huelen, dass sech déi gréng, d'LSAP an d'CSV ganz séier op ee Koalitiounsaccord gëeenegt hunn, allerdéngs géif et net ëm politesch Inhalter an ëm d'Zukunft vun der Stad Déifferdeng goen. Mä eenzeg an alleng dorëms, fir d'Demokratesch Partei an d'Oppositioun ze drécken. Grouss ass d'Enttäuschung op Säite vum John Hoffmann, deen u sech den Nofolger vum fréiere Buergermeeschter Claude Meisch sollt sinn, schlussendlech awer net op dëse Poste gewielt gouf. Den Ausléiser vun de politeschen Turbulenzen déi lescht Deeg zu Déifferdeng. Hien huet um Dënschdeg de Moien aus dem Schäfferot demissionéiert. De John Hoffmann wollt eegenen Aussoen no där neier Koalitioun net am Wee stoen.

An déi Oppositioun soll konstruktiv sinn, betount de John Hoffmann. D'DP wëll sech weiderhi fir den Opbau vun Déifferdeng asetzen, zu enger moderner a liewenswäerter Stad, bezuelbare Wunnraum schafen, nei Aarbechtsplazen an d'Schoule souwéi d'Kannerbetreiung qualitativ ausbauen.

Demissioun John Hoffmann: De Reportage vum Corinne Folscheid

D'Piratepartei kritiséiert hirersäits, datt 3 Parteien déi den Ämtercumul ofschafe wëllen, elo kee Problem mat engem Député-maire an der Persoun vum Gréngen Roberto Traversini hunn. Dat wier inkohärent. Kee Wonner, datt d'Leit kee Vertraue méi an d'Parteipolitik hunn, mengt de Sven Clement.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.