DéifferdengRoberto Traversini als Buergermeeschter ugeholl

Déifferdeng kritt definitiv een neie Buergermeeschter. De Gemengerot huet um Mëttwoch déi nei Equipe mat un der Spëtzt dem Roberto Traversini ugeholl.

De Buergermeeschter gouf mat 13 Stëmmen ugeholl, bei 4 Nee an enger Abstentioun. Et huet also och op d'mannst ee vun der DP fir de Grénge gestëmmt.

Di nei Gréng, rout, schwaarz Koalitioun léist blo-gréng of.

Um Mëttwoch de Moie gouf och den neien LSAP-Conseiller Pierre Hobscheit vereedegt.