Arméi De Colonel Nico Ries ass net méi an der Pensioun

Eisen Informatiounen no huet d'Cour administrative den Arrêté grand-ducal annuléiert, mat deem de Colonel Ries an d'Retraite geschéckt gi war.

De Nico Ries hat jo virun 2 Méint um Verfassungs-Geriicht scho gewonn: d' Geriicht hat deemools decidéiert, datt de Pensiouns- Artikel, op dee sech de Minister Halsdorf baséiert hat, net verfassungsconforme war. De Colonel Ries ass haut 60 Joer al an zanter iwwer 2 Joer an der forcéierter Pensioun. De Colonel sicht elo d'Gespréich mat dem neie Minister Etienne Schneider, fir ze kucken, wéi et mat enger eventueller neier Affectatioun ausgesäit.