1 Joer Beki150.000 Beki 2013 am Ëmlaf, 87.000 zréck an Euro getosch

De Beki, d'Regionalgeld vum Réidener Kanton, feiert säin éischte Gebuertsdag. D'Grondiddi ass, fir an der Regioun méi zesummenzeschaffen.

D'Konsumente sollen iwwert de Beki incitéiert ginn, fir méi regional anzekafen. Eng ronn 150.000 Beki sinn d'lescht Joer an den Ëmlaf komm. „De Kär ASBL“, déi hannert dem Beki steet, krut eng 199 Membere bäi an zielt haut 370 Leit. Ma och d'Plazen, wou ee ka mat Beki bezuelen, si vun 41 rop op 71 geklomm.

1 Joer Beki: Reportage Nathalie Majeres



Am leschte Joer sinn eng ronn 87.000 Beki zréck an Euro getosch ginn, ma d'Geschäfter an d'Entreprisen hunn awer all Interêt de Beki weider z'investéieren, well se am anere Fall fënnef Prozent verléieren. Dräi Fënneftel ginn da vun „der Kär ASBL“ fir ee gudden Zweck genotzt an zwee Fënneftel ginn un d'Gestioun vum Projet. All Betrib muss net méi wéi zweehonnert Beki pro Client unhuelen, ma verschidden Entreprisen zécken net, der méi ze huelen, sou de Gérard Scheuer, Patron vun engem Handwierkerbetrib vun Uewerpallen.



Vun dësem Joer u kënne sech och Veräiner mellen, fir vum Beki ze profitéieren, mä si mussen op d'mannst 10 Leit fannen, déi si ënnerstëtzen. An Zukunft kéint ee sech awer och ee Kontesystem virstellen, fir sou d'Transaktiounen tëschent de Geschäftsleit ze vereinfachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.