CSV-NationalkongressSpautz neie Parteipresident, Zeimet bleift Generalsekretär

De Laurent Zeimet gouf am 2. Tour mat 61% vun de Stëmmen a senger Funktioun als Generalsekretär confirméiert. De Marc Spautz ass neie Parteipresident (80%)

Et ass de Kongress vun der Erneierung. D'CSV souz vun 9 Auer e Samschdeg de Moien un am Tramsschapp um Lampertsbierg zesummen, wou een neie Parteipresident gewielt gouf an de Poste vum Generalsekretär nei besat ginn ass.

Zwee Kandidaten waren nom 1. Tour schonn aus der Course, et sinn dat de Serge Hoffmann, de Buergermeeschter vun Habscht an d'Mylène Wagner-Bianchy, d'Generalsekretärin vun der Transportgewerkschaft Syprolux. Si kruten am éischte Wahltour net déi néideg Stëmmen.

Am zweeten Tour sinn de Generalsekretär Sortant Laurent Zeimet an den CSV Deputéierte Serge Wilmes géinteneen ugetrueden. De Laurent Zeimet krut am éischten Tour 184 Stëmme respektiv 45,5% an de Serge Wilmes koum op 135 Stëmmen oder 33,4%.

Am 2. Tour setzt de Laurent Zeimet sech mat 61% vun de Stëmme géint de Serge Wilmes duerch.

Donieft gouf och een neie Parteipresident gewielt. Et loung just eng Kandidatur vir an zwar déi vum Marc Spautz. Hie huet fir d'Successioun vum Michel Wolter kandidéiert a krut 80% vun de Stëmmen.

© LuKo

De richtege Mann fir dee Posten, wéi de Michel Wolter a senger Ried sot.

De Michel Wolter huet an enger méi emotioneller Ried als Parteipresident Äddi gesot an huet um Enn e Stéck op der Harmonika gespillt...

De Kongresspresident Jean-Louis Schiltz huet him fir seng Aarbecht déi lescht Joer Merci gesot.

De Jean-Louis Schiltz

Vize-Presidentinne sinn déi fréier CSV-Ministerinne Françoise Hetto (85%) a Martine Hansen (93,73 %).

A senger Ried huet de Marc Spautz op d'Vertraue vun den CSV Membere gesat a sot dass et besonnesch an Zäite wou d'Partei an der Oppositioun sëtzt eng Erausfuerderung ass President vun der CSV ze sinn.

Et géif elo drëms goen, d'Regierungspolitik kritesch ze begleeden, op d'Kompetenz vun den Deputéierten zeréck ze gräifen an d'Potential vun den iwwer 10.000 CSV-Memberen ze notzen. Fir de fréieren CSV-Fraktiounschef muss den C weider fir déi Chrëschtlech Vollekspartei stoen a fir hir Wäerter, och den S behält säi besonnesche Stellewäert, dat selwecht géif fir de V gëllen. De Marc Spautz wëll sech fir eng oppe Partei, fir jiddereen an all sozial Gruppen asetzen.

Juncker nennt Regierung eng Chaostrupp

Kritesch Téin goufen et vum fréiere Premier an CSV-Fraktiounschef Jean-Claude Juncker. Hien huet déi aktuell Regierung eng Chaostrupp genannt. Eng kloer politesch Linn wier net ze erkennen. Weider sot hien, dass d'CSV an Zukunft eng modern Partei wëll sinn, déi d'Land wëll viru bréngen.

Nom Kongress huet de Jean-Claude Juncker de Kollege vun Télé Lëtzebuerg nach emol confirméiert, datt hien net mat geet an d'Europawahlen - obschonns hie wëll EU-Kommissiounspresident ginn. Mä hie wéilt nu mol net Europadeputéierte ginn...

De Jean-Claude Juncker



De Reportage vum Dany Rasque (08/02/2014 - 18h30)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.