Succès fir Lëtzebuerger FirmaApateq patentéiert Technik fir Waasser vum Ueleg ze trennen

D'Firma Apateq huet eng nei Opbereedungstechnik entwéckelt, fir datt d'Waasser an der Pëtrolsindustrie ka recycléiert ginn.

© Apateq

D'leescht Joer am Abrëll huet sech d'Firma Apateq op der Kalchesbréck installéiert. D'Firma huet sech dora spezialiséiert fir d'Ofwaasser vun den Industrië vun all méigleche Chemikalien ze botzen. Zanter kuerzem huet Apateq och eng nei Opbereedungstechnik entwéckelt, fir datt d'Waasser an der Pëtrolsindustrie ka recycléiert ginn.

Zil ass et fir d'Waasser nees ouni Problem an d'Ëmwelt oder an eng Kläranlag ofzeginn. D'Techniken déi bis ewell um Maart sinn, hunn nach Schwieregkeeten d'Grenzwäerter, déi vun der Industrie gefuerdert ginn, z'erreechen.

Bis ewell hu well vill Entreprise versicht d'Waasser ze behandelen, ma den Erfolleg war geréng. Dacks sinn d'Käschten extrem héich. D'Firma benotzt awer lo déi Technik, déi bis ewell nach als problematesch gegollt huet, sou den Ulrich Baeuerle, techneschen Direkter vun Apateq a Papp vun der neier Technik.

Bis elo goufen et Problemer mat der Membran déi d'Waasser vum Ueleg trennt, wat mat sech bruecht huet, dass d'Maschinn während Wochen oder Méint blockéiert war.

No villen Tester konnt awer lo eng Technik entwéckelt ginn, fir datt d'Maschinn ka roueg lafen.

Dat wier och de groussen Ënnerscheed am Verglach zu deenen aneren Techniken. Fir ee groussen europäesche Pëtrolsproduzent gouf och lo eng Anlag gebaut, déi an den nächste Woche getest gëtt.

D'Entreprise, déi 12 Mataarbechter zielt, gesäit a Lëtzebuerg och den ideale Standuert, sou de Bogdan Serban, Direkter vun Apateq. D'Pëtrolsindustrie wier extrem politiséiert. E Produit "Made In Luxembourg" géing awer als "neutral" ugesi ginn a Lëtzebuerg wier an där Industrie weltwäit acceptéiert.

Apateq huet och schonn zwee Patenter ugefrot. An de nächste Woche gëtt déi nei Technologie méi genee ënnert d'Lupp geholl. An enger éischter Phase muss bewise ginn, datt dat Ganzt fonctionnéiert, an den éischte Resultater no wier dat och kee Problem. Duerno muss d'Technologie och op laang Dauer iwwerliewen a sech de gefrote Standarde vun der Pëtrolsindustrie upassen.

Um Enn vum Joer hofft Apateq déi nei Technologie kënnen definitiv um Marché z'implantéieren.

Succès fir Apateq - De Reportage vum Nathalie Majeres.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.