Top Thema MagazinDéidleche Muppe-Business a Rumänien?

Den 8. Mäerz ass eng Mahnwache an der Stad um Knuedler: géint d’Doutmaache vun de rumänesche Stroossenhënn. - Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg.

No engem tragesche Fall, wou e Jong vun wëllen Hënn doutgebass gouf, ass a Rumänien en neit Gesetz gestëmmt ginn. Honnertdausende vu Stroossenhënn sollen ëmbruecht ginn, fir esou der Iwwerpopulatioun meeschter ze ginn an och d'Tollwut-Gefor ze bekämpfen. Eleng zu Bukarest soll et ee Stroossenhond op 30 Awunner ginn.

Domat ass de Problem awer net un der Quell gepackt. Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no ass dat eenzegt effektiivt Mëttel breet ugeluechte Kastratiounsprogrammer, wou net nëmme Stroossemuppen, ma och déi vu Privatleit mat abezu ginn.

D’Déiereschützer behaapten esouguer, datt do e Business rondrëm dat neit Gesetz entstane wier!



Am Januar war dowéinst scho fir d'zweete Kéier eng Delegatioun vun EU-Parlamentarier a Rumänien, fir déi Reprochen z’ënnersichen. Si hu festgestallt, datt d’Deieren an den Asylen dacks net aartgerecht gehale ginn. Privat Firmae sinn engagéiert ginn, fir d’Mesuren ëmzesetzen a maachen domat Profit. Sou d'Aussoe vun den EU-Deputéierten, déi op der Plaz waren.

D’Afänken, de Bau vun Asyler bis hin zum Doutmaache sinn e lukratiivt Geschäft ginn. Bis ewell konnt d’EU net vill ënnerhuelen, well all Land seng eege Gesetzer a punkto Hausdéieren huet.

De polneschen Europadeputéierten, deen mat der Delegatioun op d'Plaz kucke war, huet awer an engem Bréif un de rumänesche Premierminister Ponta appeléiert, datt se hir Methode änneren an d'Euthanasie nëmmen als allerlescht Mëttel sollte wielen.



Ma et sollen esouguer Gelder aus EU-Fongen indirekt mat an dat neit "catch and kill"-Gesetz fléissen.

Rumänien kritt nämlech am Kader vun der Tollwutbekämpfung e Kofinanzement aus dem Agrarfong. D'lescht Joer eleng sollen dat 6 Milliounen Euro gewiescht sinn. Déi Suen dierften se am Fong awer nëmme kréien, wa se käschteneffizient an efficace Mëttel asetzen. Dat wier an dem Fall eben eng Kastratiounscampagne – d'Doutmaache kascht vill méi an ass net esou efficace.

Nieft enge sëlleche Petitioune vun den Déiererechtler uechtert ganz Europa, huet och de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes an deem Kontext elo eng parlamentaresch Fro un d'Kommissioun zu Bréissel gestallt. An den nächste Woche gëtt mat enger Äntwert gerechent.

Den 8. Mäerz ass och en Mahnwache an der Stad um Knuedler vu 15h un. Déi gëtt europawäit a méi wei 30 Stied géint d’Doutmaache vun de Stroossenhënn an Rumänien organiséiert.

Wann Dir en Hond adoptéieren oder sponsere wëllt (Patenschaft) oder dem Myriam Englaro wëllt hëllefen, den nächste Spenden-Camion voll ze kréien, da kënnt Dir si am Grupp "Spende fir Rumänien" op Facebook kontaktéieren.

Informatioune ronderëm de politeschen Déiereschutz vum European Communications Team (Pia Berrend) fannt Dir op dëser Adress:

http://europeancommunicationsteam.weebly.com/