Sécherheet op der StroossAktiounsplang gëtt ausgeschafft
D'Sécherheet op der Strooss muss verbessert ginn an den Transportminister well dofir e konkreten Aktiounsplang op den Dësch leeën.

Fir ze definéieren wéi eng Mesuren an deen Aktiounsplang stoe kommen, hat de François Bausch eng Table Ronde mat allen Akteuren ugekënnegt.
De Moien gouf en éischten Tour de Table gemeet, och wann de Minister just um Ufank dobäi war, well en duerno zu Senneng a Klausur war, Dany Rasqué.
Déi verschidden Akteuren waren no der Reunioun awer zefridden, och wann haut natierlech nach näischt Konkretes festgehal gouf.
D'Sécurité routière huet awer vun der Geleeënheet profitéiert fir nach emol op d'Radaren z'insistéieren.
No deene villen Accidenter an der Lescht ass d'Directrice Isabelle Medinger der Meenung, datt et de richtegen Ament ass fir repressiv Moossnamen ze huelen an datt déi och vun de Leit acceptéiert ginn.
Isabelle Medinger: Et ass dann un den Associatiounen wéi eis oder wéi um Ministère fir déi ze begleeden mat Sensibilatiounscampagnen, mä ech menge mir sinn an enger Phase ukomm wou et ouni Repressioune net méi geet.
D'Securité routière an den ACL hunn dann awer och d'Infrastrukturen ugeschwat. Den Automobilclub huet donieft eng Rëtsch aner Froen opgeworf, zum Beispill déi wéi et mat der Distanz op den Autobunnen ass, en huet och ënnerstrach datt de Fokus net nëmmen op déi schwéier Accidenter soll geluecht ginn an huet -wat d'Radare betrëfft- konkret Propose gemeet an d'Beispill voum Houwalder Tunnel geholl.
De Frank Schmit
Frank Schmit: Wann ee géif an den Houwalder Tunnel e Radar maache vun 90, da géif dee schlecht bei de Leit ukommen. Firwat géif dee schlecht ukommen? Et muss een op ee Moment vun 130 op 90 ofbremsen, well keen fiert mat der reglementärer Vitesse duerch den Tunnel. Esou ee Radar kéint duerno ausgesi wei wann e just do wär fir Suen ze verdéngen. Nee, da soll ee sech dat am Ganzen iwwerleeën, et soll ee net kucke villäicht Vitesse am Tunnel eropzesetze fir de Risiko ze maachen, oder virdru schonn eng Etapp mat 110 erofsetzen. Fir einfach ze soen mir schaffen un der Infrastruktur, mir schaffen un der Beschëlderung, mir schaffen un de Punkten am Ganzen.
Radaren alleng -dovunner ass den ACL iwwerzeegt- géifen nämlech net genuch bréngen.
No dësem éischten Tour de Table gesinn sech d'Akteuren och nach emol fir iwwert déi verschidden Ideeën ze diskutéieren. OP engem Punkt sinn se sech awer alleguerten eenz...et muss nach vill geschéien fir d'Sécherheet op de Stroossen ze verbesseren.
Table ronde Transportministère
François Bausch lance une table ronde nationale sur la sécurité routière (27.02.2014)
- d’assurer la crédibilité / visibilité des limitations de vitesse;
- d’amplifier l’impact des contrôles de vitesse;
- d’optimiser le respect des feux rouges;
- de sécuriser les passages pour piétons, sécuriser les voies cyclables;
- d’améliorer la connaissance du Code de la route;
- d’anticiper dans le temps la formation pendant la période de stage;
- d’approfondir l’analyse des accidents de la route en vue d’une politique cohérente de prévention d’accidents.