Wiessel an der RegierungAndré Bauler raus, Marc Hansen ran

Switch op DP-Säit: Staatssekretär André Bauler wiesselt aus gesondheetleche Grënn an d'Chamber, Deputéierte Marc Hansen gouf als Successeur ugeholl.

© Dany Rasqué

Den André Bauler huet als Staatssekretär demissionéiert. Hien hält Enn dës Mounts aus gesondheetleche Grënn op. Hie selwer sot e Mëttwoch de Mëtten um Briefing fir d'Press, hien kéint an den nächste Méint senger Fonktioun als Staatssekretär an der Educatioun net mat deem Engagement nogoen, deen hie sech perséinlech géif wënschen.

De Xavier Bettel proposéiert der DP e Mëttwoch den Owend um hallwer 7, datt de Marc Hansen d’Successioun vum André Bauler iwwerhëlt, dee gëtt dann Deputéierten um Krautmaart.

An enger éischter Reaktioun sot sech de Marc Hansen um Mëttwoch de Mëtteg am RTL-Interview prett, fir de Poste vum Staatssekretär ze iwwerhuelen.

Changementer am Educatiounsministère - Extrait Marc Hansen

De Comité Directeur vun der Demokratescher Partei ass e Mëttwoch den Owend zesummekomm, wou dann definitiv driwwer ofgestëmmt gouf, ob de Marc Hansen d'Successioun vum André Bauler als Staatssekretär am Educatiounsministère iwwerhëlt.

De Medieberoder vum Premier, de Paul Konsbrück, huet iwwerdeems dëse Message op Facebook publizéiert: "Hien huet sech vill investéiert, dofir soen ech him Merci"‪#‎bettel‬. Den A. Bauler wëll "e Fouss op de Buedem setzen awer net vum Vëlo klammen"

De Xavier Bettel iwwert den André Bauler



De Marc Hansen


De Regierungsrot huet dann nach e wichtege Pak fir d’Héichschoul an d’ëffentlech Fuerschung fir 4 Joer ugeholl, dat heescht vun 2014 bis 2017 - e Pak an der Héicht vun 850 Milliounen Euro. Well muss gespuert ginn, gëtt et dëst an d’nächst Joer eng Periode de consolidation.

De Projet de loi vun der leschter Regierung iwwert d’Disziplin an der Arméi, der Police an der Inspection générale de la police huet de Conseil iwwregens um Mëttwoch zeréckgezunn.

Sommet

D'Ukrain steet um Donneschdeg a Freideg am Mëttelpunkt vum Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel.

Um Briefing nom Regierungsrot huet den Ausseminister nach emol de Point iwwert déi rezent Entwécklungen an der Ukrain gemeet an de Staatsminister Xavier Bettel sot am Virfeld vum Sommet, datt ee keng Surenchère vu Sanktioune soll maachen. Hien huet ënnerstrach, datt mer den Ament nach ëmmer an der zweeter Phase vum Sanktiounsplang sinn.

Et dierf ee sech awer op zéi Diskussiounen an der belscher Haaptstad astellen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.