CSLMobilitéitsbourse ass eng Source fir nei Diskriminatiounen

D'Studenten, déi e Freideg op d'Strooss ginn, fir géint d'Reform vun de Studiebäihëllefen ze protestéieren, kréie weider Réckendeckung.

© Didier Weber

D'Chambre des salariés ass an hirem Avis kategoresch géint de Gesetzprojet 6670, esou wéi en um Dësch läit.

Kritik gëtt et un den 3 Piliere vum geplangte Modell ugefaange bei der Bourse de Base, déi fir d'CSL vill ze niddreg ass.

Kritik vum Martine Mirkes vun der CSL



De President Jean-Claude Reding: Déi muss erop gesat ginn. Dat wat hei ass, dat ass jee nodeem wéi d'Familljenzesummesetzung war an ee just déi 2000 kritt, dann ass dat bis zu 1800 Euro manner wéi wat ee fréier eleng als Kannergeld jee nodeem konnt kréien.

4500€ wier en adequate Montant fir eng Bourse de Base, esou d'CSL.

D'Mobilitéitsbourse dann ass - an den Aen vun der CSL - eng Source fir nei Diskriminatiounen, vis-à-vis vu Frontaliers-kanner déi dacks an hire Länner wëlle studéieren awer och vis-à-vis vu verschidde Residenten, esou d'Martine Mirkes vun der CSL.

Martine Mirkes: Ee Student deen nach hei am Norde vum Land wunnt, deen zu Esch vläicht studéiert, oder hei an der Stad studéiert, dee sech dann lo hei e Logement wëll huelen, dee studéiert also a sengem Land an huet keen Usproch op déi Bourse de Mobilité. Dee selweschte Student deen zu Metz wunnt, deen awer op Esch studéiere geet oder an d'Stad studéiere kënnt, deen hëlt sech hei e Logement an deen huet dann awer Usproch op déi dote Mobilitéitsbourse.

D'Bourse sociale da kéim net ganz ville Stéit ze gutt, well d'Revenuen net niddereg genuch si fir vun dëser kënnen ze profitéieren, donieft wier d'Berechungsbasis fir déi sozial Critèren ganz doutéis, et wier zum Beispill net kloer op Basis vu wéi enge Revenue gerechent gielen zielt zum Beispill d'Akommes op Basis Loyeren. D'CSL stellt sech och d'Fro ob de Revenu op de Mount oder d'Joer gekuckt gëtt, donieft ass onkloer ob just de Revenu vun den Eltere geholl gëtt oder dee vu Leit déi zu engem selwechte Ménage fiscal gehéieren. Och iwwer d'Situatioun wou Eltere gescheet sinn steet zum Beispill näischt am Text. D'CSL freet sech iwwerdeems och firwat d'Unzuel vun de Kanner am Stot net berücksichtegt gëtt.

D'CSL ass an hirem Avis och der Meenung, datt am aktuellen Text géif versicht ginn um Réck vun de Studente Spuerpolitik ze bedreiwen an dat wier inakzeptabel, esou de President Jean-Claude Reding. Et géife jo och aner Plaze ginn wou ee spuere kéint, an déi Diskussioun wier net gefouert ginn. Wann een hei géif richteg rechnen, da géif och hei net gespuert ginn, mä gewonnen.

De Berechnunge vun der CSL no géingen d'Studenteboursen de Staat - dem neie Modell no -  nämlech manner kaschten ewéi virun 2010, an dat wier net de Sënn vun der Saach.

D'Chambre des salariés ass also géint de Gesetzprojet 6670, si gëtt der Regierung mat op de Wee, datt de Projet grëndlech misst iwwerschafft ginn.

De Reportage vum Pit Everling (24/04/2014 - 12h30)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.