StudiebäihëllefenD'DP lueft déi konstruktiv Haltung vun der ACEL

Dem Fraktiounschef no ass et besser mat de politesch Responsabelen ze schwätzen. Am Dialog géif een dacks zu méi kommen, wéi wann een op d’Strooss geet.

D’DP-Fraktioun hat dëser Deeg nämlech eng Entrevue iwwert d’Studiebäihëllefe mat der ACEL. D’Vertrieder vun de Studentencercelen hu sech fir méi eng héich Basisprime ausgeschwat, iwwerschaffte Sozialcritèren a méi Studentewunnengen zu Lëtzebuerg.

Eng Entrevue tëscht der UNEL an dem Educatiounsminister gouf et nach ëmmer net, nodeems de Claude Meisch net wollt, dass esou ee Gespréich opgeholl gëtt.