Nei Gemeng „Helperknapp“Referendum um Sonndeg zu Béiwen un der Attert an Téinten

„Helperknapp“ entsteet, wa sech d'Awunner aus de Gemenge Béiwen un der Attert an Téinten e Sonndeg an engem Referendum fir eng Fusioun ausschwätzen.

Dëse Referendum ass awer net den eenzegen. Um Wahlsonndeg mussen nämlech och d'Awunner aus de Gemenge Wolz an Eeschwëller souwéi Simmer iwwert hir respektiv Fusiounspläng ofstëmmen.

Et ass eng Fusioun déi Sënn mécht, betount de Buergermeeschter vu Béiwen un der Attert Paul Mangen. Verschidde gemeinsam Projete, wéi zum Beispill eng Zentralschoul, sinn elo schonn am Gaang, geplangt ze ginn. Natierlech spillt och dee finanziellen Aspekt eng Roll. Et kritt een dann eng substantiell Hëllef vum Staat.

Fir d'Gemeng Béiwen un der Attert wier et den Ament extrem schwéier eeler Leit an engem Altersheem ënnerdaach ze kréien, sou nach de Paul Mangen, deen ee weidere positiven Aspekt ervirsträicht. Et hätt een zwar eegent Waasser an ee Sebes-Uschloss, mee an der Zukunft kéint ee sech un d'Nopeschgemeng Tënten uschléissen, déi vill Waasser huet.

D'Buergermeeschtesch vun Téinten, Christiane Eicher, weist drop hin, dass duerch dës Fusioun d'Servicer fir d'Populatioun kënnen optimiséiert ginn a vill administrativ Aarbechte méi einfach ginn. Dohier kënnt och de Motto, ënnert deem dës geplangte Fusioun steet, net vun ongeféier. „Helperknapp“ eng Gemeng mat Aussiicht.

Wat de Referendum e Sonndeg betrëfft, wollt d'Christiane Eicher awer kee Pronostique ofginn.

Sollt et zu der Fusioun kommen, géif déi nei Gemeng „Helperknapp“ ronn 4.000 Awunner zielen. An enger éischter Phas wor geplangt, dass och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass.

Fusioun Tënten/Béiwen-Attert/Reportage Corinne Folscheid



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.