Gemenge-Referendum (2)Wolz kloer, Eeschwëller knapp fir Fusioun

Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eeschwëller ausgeschwat, zu Eeschwëller waren awer just eng 54% fir eng Fusioun mat Wolz.

Zu Wolz waren 2.485 Wieler ageschriwwen, gewielt hunn der awer just 2.091 an dovu ware 95 Ziedele wäiss oder ongülteg. Vun den 1.996 valabele Stëmmziedele waren der 1.604 fir eng Fusioun mat Eeschwëller an 392 waren dogéint. Eleng op déi valabel Stëmmziedele gekuckt sinn also knapp iwwer 80 Prozent (80,36) derfir a knapp ënner 20 Prozent (19,63) dergéint.

Zu Eeschwëller ass d'Resultat méi knapp ausgefall: 496 Wieler hunn hir Stëmm ofginn, 13 Ziedelen hunn awer net gezielt. Bleiwen 483 gülteg Stëmmen an dovu waren der 262 pro an 221 contra, also 54,24 % derfir a 45,75 % dergéint. Dat wann ee just déi gülteg Bulletine kuckt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.