RTL.LU: Andy Schleck heescht de Lëtzebuerger vum Joer 2009

Andy Schleck virun Thierry van Werveke a Jean-Claude Juncker, sou d'Resultat vun der Online-Wiel vum Lëtzebuerger vum Joer 2009. 1734 Leit hunn ofgestëmmt.

Och déi zweet Wiel am Internet vum "Lëtzebuerger vum Joer" war nees ee grousse Succès: 1.734 Leit hu vum 15. bis den 31. Dezember op RTL.LU ofgestëmmt an d'Resultat ass méi wéi eendäiteg.

Jidderee konnt bis zu 6 Stëmmen ofginn (maximal 3 pro Kandidat) an den Andy Schleck krut net manner wéi 22,25 Prozent vun alle Stëmmen (2.018 vun 9.069 Stëmmen, déi ofgi goufen). Domat dierf hie sech iwwert den Titel "Lëtzebuerger vum Joer 2009" freeën, hien ass also den Nofolger vum Jean-Claude Juncker, deen dësen Titel bei der éischter Wiel 2008 zougesprach krut.

Op d'Plaz 2 kënnt deen ewell am Januar 2009 verstuerwene Schauspiller Thierry van Werveke, deen nach ëmmer an den Häerzer vun de Leit präsent ass - net manner wéi 12,68 Prozent vun alle Stëmme ware fir hien (1150).

Op der Plaz 3 dann de Premier Jean-Claude Juncker (mat 963 Stëmmen, dat entspécht 10,62 Prozent), deen - wéi gesot - 2008 Éischte gi war, op der Plaz 4 dem Andy säi Brudder Fränk Schleck (673) an op der Plaz 5 d'Déiereschützerin Anny Eck-Hieff, déi jo Ufanks Dezember verscheet ass (544).

An anere Wierder: Ënnert deene 5 Éischte sinn zwou Perséinlechkeeten, déi eis am Joer 2009 verlooss hunn.

Op déi weider Plaze kommen:

6) Dan Spogen (504 Stëmmen)
7) Xavier Bettel (448)
8) Françoise Hetto-Gaasch (328)
9) Claude Turmes (308)
10) Änder Hoffmann (283)
10) Vanessa Calcagno (283)
12) Grand-Duc Henri (222)
13) Luc Frieden (187)
14) Mars Di Bartolomeo (177)
15) Christiane Juncker (172)

Aus 25 Kandidate konnten d'Leit wielen. Fir d'éischt haten d'Internauten d'Méigelechkeet, Nimm vu Kandidaten ze proposéieren, wouvun net manner wéi 289 Leit Gebrauch gemaach hunn. Aus alle Virschléi huet d'Equipe vun RTL.LU déi meescht genannte 25 real existéierend Perséinlechkeeten zréckbehalen, op déi een da seng Stëmme verdeele konnt.

Fir ze vergläichen, hei de Ranking vum Joer 2008:

Lëtzebuerger vum Joer 2008 war de Jean-Claude Juncker, de Premier hat net manner wéi 16,09 Prozent vun alle Stëmme kritt. Op d’Plazen 2 an 3 koumen zwee vun eise beschte Cyclisten: den Andy Schleck (10,17%) an de Kim Kirchen (8,33%). Op den ondankbare Plazen hannendrun de Fränk Schleck (6,55%) an den Thierry van Werweke (6,15%), ganz knapp virum Grand-Duc Henri (6,03%) an dem David Goldrake (5,90%).




Zwee glécklech Gewënner dierfen op Munneref

Wie matofgestëmmt huet, hat och d'Méigelechkeet, eppes ze gewannen an zwar 2 x 1 Abonnement an engem Wäert vu 500.- Euro/Abonnement fir eng Dauer vu 6 Méint am "Mondorf Le Club".

A gewonnen hunn de Pat Feierstein vu Bierschbësch an den Henri Bissen vu Viichten. Mir gratuléiere ganz häerzlech!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.