Facebook-Kont nom Doud2 bescht Optiounen: Kont läschen oder Gedenksäit ariichten

Am traurege Fall, wou ee Bekannten oder e Familljemember stierft, wësse vill Leit net, wat se mam Facebook-Account vun deemjeenege maache sollen.

Wann ee weder d'Passwuert nach e freien Accès op deen Account huet, sinn engem d'Hänn gebonnen. Ma Facebook huet senge Clientë lo zwou Méiglechkeeten ageriicht, fir mat der delikater Affär ëmzegoen. 

E Facebook-Account leeft och nom Dout vun enger Persoun weider. Dat ass u sech net weider schlëmm, ma et ka bei Bekannte vum Verstuerwenen traureg Erënnerungen ervirruffen.  Fir sou Experienzen aus dem Wee ze goen, gëtt et op Facebook neierdéngs zwou Alternativen.

Déi éischt erlaabt et, den Account vum Verstuerwene läschen ze loossen. Den Account an all d'Inhalter, déi drop waren, verschwannen dann aus dem Netz. Als zweet Méiglechkeet kann een d'Profil vum Verstuerwenen an eng Aart Commemoratiounsäit ëmwandele loossen. Allerdéngs muss ee fir déi zwou Alternative fir d'éischt Facebook kontaktéieren a bis sech eppes deet, kéint e bëssen Zäit vergoen.

Am Fall, wou ee sech fir eng Commemoratiounssäit entscheet, muss ee sech bewosst sinn, dass keng nei Inhalter méi kënne gedeelt ginn. Donieft kënne just nach Facebook-Kollegen op d'Säit schreiwen, déi d'Persoun scho virun hirem Doud hat. Fir onnéideg Problemer ze evitéieren, recommandéiert den Expert Jerry Weyer betraffene Leit, e Facebook-Account net einfach weiderlafen ze loossen, ma sech fir eng vun deenen zwou Méiglechkeeten ze entscheeden.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.