Aktiounscomité 667037% vun de Studenten kréie keng Sue vun den Elteren

Den Aktiounscomité 6670 huet eng Etude iwwert d'Liewenskäschte vun de Studente gemeet an déi Resultater um Freideg publizéiert.

Et koum eraus, datt 37 Prozent vun de Studenten keng Ënnerstëtzung vun doheem kréien, datt ee Véierel vun de Residenten, déi zu Lëtzebuerg studéieren, net méi bei den Eltere wunnen. Theoretesch kann een no der Reform 7.500 Euro Bourse vum Staat kréien, amplaz 6.500. Dovunner kann awer kaum ee profitéieren, seet de Pol Reuter. No hire Chifferen kéinten vun der 7.500 Euro-Bourse nëmmen 0,2% vun de Leit profitéieren. Dat sinn 3 Persounen.

De Pol Reuter


Aner interessant Punkten: Zum Beispill deen, datt Däitschland dat Land ass, an deem een am Bëllegste studéiere kann, datt Schottland dat Deierst ass an datt all d'Schüler, déi zu London studéieren, finanziell vun doheem aus gehollef kréien.

Den Aktiounscomité ënnersträicht och, datt hir Etude representativ ass. Et wieren 10 Prozent vun all de Studenten, déi Resident sinn, gefrot ginn. Vun 2.460 Froebéi goufen der 1.636 - fir eng Populatioun vu 16.000 - zeréckbehal. Dat waren déi, déi komplett ausgefëllt waren a wou d'Leit och eng Email- Adress uginn hunn.

D'Feelerquote läit bei 2,45 Prozent.