Lënster LycéeAm Hierscht geet zu Jonglënster en neie Lycée op

Mat 180 Schüler a 37 Proffen a Chargéen geet et fir d'Rentrée lass. De Lycée zu Jonglënster fänkt mat 7 Septièmes-Klassen un.

© Lënster Lycée
Fir d'Schoulrentrée am Hierscht geet en neie Lycée op: zu Jonglënster de "Lënster Lycée". Nach ass genuch am Gebai ze dinn. Iwwerall gëtt fläisseg geschafft, éier et dann am September sou wäit ass. De Lycée zu Lënster fänkt souzesoen "kleng" un, mat 7ièmes- an 10ièmes-Klassen.

Lënster Lycée: D'Carine Lemmer war e sech bis ukucken ...



Mat 180 Schüler a 37 Proffen a Chargéen geet et fir d'Rentrée am Lënster Lycée lass. De Lycée zu Jonglënster fänkt mat 7 Septièmes-Klassen un, seet den Direkter Romain Kieffer. "Mir si ganz zefridde mat där Inscriptioun, mer hu ganz vill Schüler kritt. Mir hu 4 7e EST kritt an eng 7e ES, mat héijen Effektiver."

Derbäi kommen nach zwou Modulaire-7ièmen.

Fir d'10ième hu sech bis ewell 4 Klassen ageschriwwen an et gëtt eng 9ième mat Redoublanten. Et geet also am "intime Krees" lass an no an no komme Klasse bäi: Et ass geplangt, eemol tëscht 1.300 a 1.400 Schüler ze hunn. De Schwéierpunkt wier Elektrotechnik, Informatik a Commerce.

D'Anzugsgebitt vum Lycée ass – natierlech – Jonglënster, dann awer och Nidderaanwen, Bech, Fëschbech, Hiefenech oder d'Fiels. U sech kann ee wielen, wou ee wëll an de Lycée goen, mä et muss eng fräi Plaz ginn; d'Schüler aus dem Anzugsgebitt musse fir d'éischt geholl ginn!

Am Oste ginn et och nach Lycéeën zu Iechternach a Gréiwemaacher. Dat wär awer keng Konkurrenz, mengt den Direkter Romain Kieffer. D'Anzugsgebidder wiere jo och virginn an déi 3 Schoule géife sech och periodesch treffen, fir zesummenzeschaffen.



Am meeschten iwwerzeegt huet d'Elteren an d'Schüler, déi sech elo fir Lënster decidéiert hunn, d'Konzept vun der Schoul. Vu méindes bis donneschdes ass Schoul vu moies 8 bis mëttes 4 Auer, freides bis 12 Auer. Bis 6, hallwer 7 ginn d'Schüler awer och, wann néideg betreit. Dat sinn ënnert dem Stréch méi Schoul-Stonne wéi normal an déi ginn da fir d'Hausaufgaben, Nohëllef, Wahlfächer oder – méi speziell – Englesch op 7ième benotzt.



A 4 Joer wäerten dann déi éischt de Lënster Lycée mat engem Treizièmes-Diplom verloossen. Ob een och eng Kéier eng Première zu Lënster ka maachen? Do muss een d'Entwécklung ofwaarden ... Am Gesetz, esou den Direkter, wier den Ament virgesinn, datt et bis 4e geet. Ma wa genuch Schüler do wieren, géif dat net verhënneren, datt ee bis erop op Première geet.

De Lycée huet och eng Schwämm. Déi geet fir Allerhellje fir d'Schüler op. Et ass och virgesinn, datt den normale Public kann dohinner schwamme goen. Do lafen awer nach d'Diskussioune mat der Gemeng.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.