Äischen3 Persoune geschloen a gefesselt - Täter op der Flucht

Stonne voller Angscht an der Nuecht op e Samschdeg fir eng Famill an hirem Haus zu Äischen. Se war vun arméierten Täter iwwerfall ginn.

3 Täter sinn an en Haus agebrach, an deem 3 Persounen waren. Si sinn ouni Virwarnung extrem brutal virgaangen. 

Ee Mann gouf ganz uerg blesséiert, eng Fra méi liicht. 

D'Täter hu souguer enger 83 Joer aler Fra op de Kapp geschloen. 

Si hunn déi 3 Persoune gefesselt an am Keller agespaart. No ongeféier enger Stonn konnte si sech selwer befreien an hunn Hëllef geruff. 

No éischten Informatiounen, handelt et sech bei den Täter ëm 2 Männer an eng Fra.
D'Männer sinn éischter schmuel gebaut an hu franséisch geschwat. 

D'Fra huet blond laang Hoer (Päerdsschwanz), ass schmuel gebaut an huet och franséisch geschwat. 

Si haten eng rout Sportstäsch dobäi . 

Ee vun den zwee Männer hat e wäisse Kapuze-Pullover un mat enger Schrëft um Réck. 

Zeie wëlle gesinn hunn, dass een däischtere Mercedes oder BMW mat franséische Placken am Zesummenhang mam Iwwerfall am Asaz war. En hat eng "06" um Enn vun der Plakkennummer.

Wéi et vun der Police heescht, hu sech e puer Täter e Samschdeg de Moie géint 8.30 Auer dovu gemaach.

Se konnten trotz grousser Interventioun, gestäipt vun der Loft hir vum Policehelikopter, nach net fonnt ginn.

Dofir freet d'Police eventuell Zeie sech um 113 ze mellen, respektiv an der Ëmgéigend vun Äischen keen Auto-Stopper matzehuelen.

Déi concernéiert Famill gëtt betreit an ass och am Gaangen, befrot ze ginn.

© Police grand-ducale