Uni LëtzebuergInterview mam neie Rekter vun der Uni Lëtzebuerg

D'Caroline Mart hat den neie Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, de Rainer Klump, fir en Interview getraff.

Den neien Unidirekter Rainer Klump (Mëtt) an de Staatssekretär Marc Hansen (Riets).© Nico Graf / RTL
De Rainer Klump, neie Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, huet sech um Donneschden offiziell der Press presentéiert.

Vum Januar nächst Joer un ersetzt den Economist a Politik-Wëssenschaftler de Rolf Tarrach, deen déi lescht 10 Joer op dësem Poste war. De Rainer Klump ass den Ament nach Vize-President vun der Goethe-Universitéit zu Frankfurt.

Eng vun senge grousse Prioritéiten ass, d'Uni Lëtzebuerg nohalteg am kulturellen a gesellschaftleche Liewen hei am Land an an der Groussregioun ze etabléieren. D'Uni soll an Zukunft och méi enk mat den europäeschen Institutiounen zesumme schaffen.

Neien Direkter Uni Lëtzebuerg / Reportage Nico Graf


De Rainer Klump ass 56 Joer al, nach Vize-President op der Frankfurter Uni, mä ass schonn dacks am Land fir sech op säi neien Job virzebereeden.

Op der Pressekonferenz huet hien d'Leit op Lëtzebuergesch begréisst, fir duerno, gutt beroden, net op Däitsch, mä op Franséisch mat de Grënn weiderzefueren, firwat hei sech fir Lëtzebuerg decidéiert huet:

Et ass faszinant eng esou jonk Universitéit ze leeden. donieft ass et och motivant esou en neie Model am Zentrum vun Europa mat opzebauen. Donieft ass et fir den neien Direkter och wichteg, op enger Uni mat ville Pionéier an de verschiddenste Beräicher schaffen ze kënnen.

De Rainer Klump ass Politik- an Economie-Professer an hien ass en opgeraumte Kap, wat gär als "éischtens zweetens, drëttens" erauskënnt. Och wéi hien opzielt, wat seng Prioritéite mat der Uni sinn:

Hei well éischtens d'Uni dauerhaft am wirtschaftlechen, kulturellen a politeschem Liewen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun integréieren. Zweetens soll en europäesche Modell, mam Stéchwuert Multikulturell a Multilingual, op der Uni.lu opgebaut ginn. An drëttens ass Belval, eng Plaz déi Technologie otemt, déi perfekte Plaz fir déi digital Strategie unzegoen.

Rainer Klump iwwer d'Uni Lëtzebuerg an der Groussregioun

Op sengem Plang huet de Rainer Klump eppes besonnesches wëlles. Well et an Zukunft mat de Finanzen vläit enk gëtt, wëll hie privat Gelder siche goen:

An der Privatgesellschaft a Wirtschaft kann ee Ressource siche goen. Dat huet zu Frankfurt gutt geklappt an dat kann een an engem Land ewéi Lëtzebuerg, wou staatlech ofgeséchert ass, och gutt duerchféieren.

Belval iwwregens gefält dem Neie ganz gutt. Hien hätt do schonn no enger Wunneng gekuckt.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.