CSVPartei gesäit sech als gréisst Biergerinitiativ am Land

D'CSV ass am Gaang, nei Memberen ze sichen. Iwwer 10.000 sinn et der den Ament, besonnesch Fraen a Jonker sinn ugeschwat.

© D. Weber
Fir de Rescht ass d’Partei am Gaang u Reformen ze schaffen an zwar vun ënnen no uewen an net ëmgedréint, wéi dat 1974 da Fall war, huet et op enger Pressekonferenz geheescht. Den Ament leeft eng intern Analys wat den Zoustand vun der Partei ugeet an et leeft eng extern mat TNS-Ilres. Wann d’Resultater dovunner virleien, befaasse sech déi verschidde Gremien domat an um Enn decidéiert, den Nationalkongress wéi d’CSV vun der Zukunft soll ausgesinn. Et gëtt keen Tabu, ausser déi dräi Buchstaarwen.

Op de Pressekonferenz ass den CSV-President Marc Spautz och op d’Kritike vun der Majoritéit agaang, wat d’CSV-Haltung zum Referendum betrëfft, besonnesch an engem Punkt huet ee grouss Ae gemaach. Nach virum Summer hätt een der Regierung eng Offer gemaach, fir och iwwert d'Auslännerwahlrecht zesummen ze schwätzen. Dat wier net geschitt.



D’CSV kritiséiert, dass d’Froen net präzis genuch sinn. Et misst ganz kloer sinn, wat d’Regierung mat deene Froe wëll bezwecken an dofir misst een am Virfeld och d’Detailer dozou liwweren.



10303 Memberen (Stand 30/09/2014)

- 3653 Fraen (35,5 Prozent) / 6650 Männer (64,5 Prozent)

 

Alterstruktur

- CSJler: 9 Prozent (bis 33 Joer)

- Memberen tëschent 33 an 65 Joer: 54,5 Prozent

- Senioren (vun 65 Joer un):  36,5 Prozent

 

No Bezierker

Norden: 18 Prozent

Osten: 16 Prozent

Zentrum: 27 Prozent

Süden: 39 Prozent

 


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.