Briefing vum Premier Xavier BettelPicasso gëtt gehalen, gehéiert dem Staat a Kulturpatrimoine

Den Tableau vum Picasso gouf 1999 endommagéiert. Et war e schlechte Kaf, keng schlecht Vente. De Picasso gëtt gehalen.

© L. Rollmann
De Picasso bleift am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat. Dat huet de Premier Xavier Bettel um Briefing nom Regierungsrot matgedeelt. Den Tableau mam Numm "Paysage de Cannes au Crépuscule" gëtt deemno net verkaf. De Staat hat d'Bild 1999 kaf, nodeems et bei enger Ausstellung liicht beschiedegt gi wor. Dëse Schued wor gefléckt ginn, awer net zu Laaschte vum Staat, sou de Xavier Bettel. Well bis elo kee Keefer fonnt gouf, huet d'Regierung decidéiert den Tableau vum Picasso als Kulturpatrimoine ze halen.

Et wiere chargéiert Deeg, sou de Premier: haut Visite portugisesche Premier; et wier awer wichteg, e Briefing ze hunn. Am Ministerrot gouf ë.a. iwwer de Sommet zu Bréissel diskutéiert; weider gouf et en Echange iwwer Ebola an d'Formatioun vum Léierpersonal.

De Verdeedegungsminister Etienne Schneider huet erkläert, dass de Govsat-Projet vum Staat a vun der SES op de Schinnen ass; dee Satellit géif der NATO, der EU an der UNO zur Verfügung gestallt ginn.

Dass d'EU-Kommissioun ënnert dem Jean-Claude Juncker iwwer Mëtteg d'Zoustëmmung vum Europaparlament krut, huet de Staatsminister begréisst; wat dee fir d'Regierung schlechte Sondage, haut, am Tageblatt ugeet, war et d'Ausso vum Xavier Bettel, dass rout-blo-gring net de Chouchou vu Sondagë wéilt sinn.

Wat d'Affär rondrëm de Pierre Barthelmé ubelaangt, wier dëst e richtege Fall, keng politesch Orchestratioun.






De Briefing nom Regierungsrot gëtt zanter kuerzem jo am Livestream iwwerdroen. Vun elo u gëtt de Point Presse dann och a Gebärdesprooch iwwersat.

D'Iwwersetzung ass zwou Stonnen nom Enn vum Briefing via de Site vun der Regierung gouvernement.lu disponibel. D'Iwwersetzung gëtt iwwregens an däitscher Gebärdesprooch gemaach, well déi am meeschten hei am Land genotzt gëtt.
© L. Rollmann