Keng Fusiounsgemeng MeesebuergNoumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo

Um Sonndeg gouf gewielt am Land, an dat an de Gemengen Noumer, Fëschbech, Fiels awer och zu Habscht a Béiwen op der Attert.

D'Fusiounsgemeng Meesebuerg krut déi rout Kaart, d'Bierger vun Noumer a vu Fëschbech soten „Nee“, an zwar däitlech, zu Noumer hu sech 70,05% vun de Leit géint eng Fusioun mat den Nopeschgemengen ausgeschwat, zu Fëschbech waren et souguer 76,02%.

Gréng Lut war et just an der Fiels ginn, hei ware 66,53% vun de Leit fir eng gemeinsam Zukunft mat Noumer a Fëschbech. D'Resultat ass net wierklech eng Iwwerraschung, schonn am Virfeld war ze erkennen datt et zu Noumer a Fëschbech staark Bedenke géinge ginn.

Ëm 17 Auer haten déi politesch Responsabel op eng Pressekonferenz an d'Fiels invitéiert, déi dräi Buergermeeschtere hu sech immens enttäuscht iwwert d'Resultat gewisen, de Pierre Wies, Gemengepapp aus der Fiels huet vun engem Affront geschwat, iwwer eventuell Konsequenze soll déi nächst Woch geschwat ginn. Un der Zesummenaarbecht tëscht deenen 3 Gemenge soll sech duerch d'Resultat vum Referendum näischt änneren. Vu Fusiounen hu se einstweilen awer d'Nues voll.

De Pierre Wies



Dem Noumer Buergermeeschter Marc Eicher no wier dem Bierger mat simplisteschen Argumenter Angscht gemaach ginn.

De Marc Eicher



Mat der Fusioun vu Fëschbech, Fiels an Noumer wier déi nei Gemeng vum 1. Januar 2018 un déi 5. gréissten am Land gewiescht, wat d'Fläch ugeet. Ronn 4.500 Bierger ware wahlberechtegt.

Zu Noumer stoung méi wéi d'Halschent vum Gemengerot net hannert der Fusioun. Et wier een houfreg op den perséinleche Charakter vun enger klenger Gemeng an eng Fusioun géif eng Partie Nodeeler mat sech bréngen, sou d'Argumenter. Ee vun den Haaptkritikpunkten war d'Angscht virun enger Zentralschoul. Den Fusiouns-Accord hat virgesinn, datt d'Schüler weider an hiren Lokalitéiten an d'Schoul ginn. Schäfferéit vun den 3 Gemengen  hate betount och, datt een op laang Siicht net laanscht eng méi enk Cooperatioun a Form vun enger Fusioun kënnt. Donieft gouf et och vill Widderstand géint de Projet vun enger “zone commerciale” zu Angelsbierg.

© A. Lamesch

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.