Terminal BScho 6 Joer laang ausser Betrib

Den Terminal B vum Luxairport soll nees a Betrib geholl ginn. Dat huet den Nohaltegkeetsminister François Bausch jo viru kuerzem ugekënnegt.

Lo gëtt et dann och méi Detailer iwwert dëse Projet, deen dem Direkter vum Fluchhafen dem Johan Vanneste no  spéitstens Ufank 2019 fäerdeg soll sinn.

Ob lo hei Luxair-Fligeren oder aner Airlines stationéiert ginn, misst sech nach weisen, ma d’Demande wär dem Luxairport-Direkter no do. Virun allem Easyjet an Turkish Airlines wëllen hir Offer vu Lëtzebuerg aus ausbauen.

Den Terminal B steet iwwregens lo schonns 6 Joer eidel. Während dëser Zäit gëtt d’Gebai awer weider ënnerhalen an och gehëtzt, fir dass een dësen ouni groussen Opwand nees a Betrib kinnt huelen.