ArbedsgebaiSpuerkeess gëtt Besëtzer, neit Gebai fir ArcelorMittal

D'Spuerkeess iwwerhëlt dat alt Arbedsgebai. Arcelor-Mittal wëll en neien "Headquarter" zu Lëtzebuerg fir 1.200 Mataarbechter bauen.

Um Pressebriefing e Freideg de Mëtten huet de Premier Xavier matgedeelt, datt "d'Arbedsgebai" an der neier Avenue vun der Spuerkees iwwerholl soll ginn.

Zesumme mam Finanz- a Wirtschaftsminister gouf de Mëtten eng Conventioun tëscht ArcelorMittal an der Spuerkeess ënnerschriwwen. Domadder geet d‘Gebai iwwer an de Patrimoine vun der Spuerkeess an wäert fir Büro-Aktivitéite genotzt ginn. D’Regierung huet de Kontakt hiergestallt.



Dernieft ass et d’Nouvelle, datt ArcelorMittal een neien „Headquarter“ zu Lëtzebuerg wëll bauen, fir eng 1.200 Leit. Vum Lakshmi Mittal wier et ee "Bekenntnis" fir de Standuert Lëtzebuerg, sou de Premier.

PDF: Protocole d'Accord tëscht ArcelorMittal an der BCEE

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.