57 Jo- géint 3 Nee-StëmmenChamber decidéiert: Ettelbréck kritt eng ganz nei Gare

Eng nei Busgare, nei Quaien, e Park&Ride mat 430 Plazen, eng nei Stroossenënnerféierung, en iwwerfällege Projet, huet et an der Chamber geheescht.

© Portail du Développement durable et des Infrastructures - Grand-Duché de Luxembourg

Déi aktuell Gare ass vereelst a gehéiert moderniséiert, doriwwer war sech jiddereen eens, mä et gouf Kritik, datt déi al Gare – e Gebai, dat 150 Joer al ass - ofgerappt gëtt. Mir maachen Denkmalschutz, wéi et eis passt, sot de Gast Gibéryen vun der adr. De Justin Turpel vun déi Lénk wënscht sech eng allgemeng Debatt.

De Minister François Bausch ass net géint eng grondsätzlech Diskussioun iwwert den Denkmalschutz. An dësem konkrete Fall zu Ettelbréck wär awer net méi dra gewiescht. Déi al Gare kéint net stoe bleiwen, wann een de ganze Projet esou wéilt realiséieren. 2015/2016 sollen elo d'Aarbechten zu Ettelbréck ufänken a 5 Joer drop, also 2021/22 ofgeschloss sinn. Käschtepunkt: 156,5 Milliounen Euro.

Den Tunnel läit och an engem Iwwerschwemmungsgebitt, och do gouf et Kritik. Etuden no wär dee Problem awer an de Grëff ze kréien, sou de François Bausch.


Ettelbréck 21

An engem Communiqué schwätzt d'Asbl vun engem Trauerspill. Et géif ee gesinn, wéi serieux den Denkmalschutz vun de Lëtzebuerger Autoritéite geholl gëtt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.