R.I.P.Den Théo Peffer ass dout

De Lëtzebuerger Auteur vun Artikelen a Sachbicher iwwer Zëmmer- a Gaardeplanzen ass en Dënschdeg am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

Théo Peffer a Jeannine Theisen.
Den 30. Dezember hätt den Théo Peffer 85 Joer krut. Hien hat jorelaang eng Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg iwwert Thema Gaart a Planzen. Quasi bis zum Schluss ass den Théo Peffer senger grousser Passioun nogaangen, wéi hie virun zwee Joer nach am RTL-Interview sot. Geléierte Gäertner wor hien awer net, mä huet sech a senger Fräizäit säi Wëssen iwwer Gaart a Planzen ugëeegent.

Reportage iwwert den Theo Peffer vum Juli 2012



Är Condoleancen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.