CSJDéi Jonk an der CSV anerer Meenung wéi den CSV-Nationalrot

Et ginn och Stëmmen an der CSV, déi en Auslännerwahlrecht ënnerstëtzen, ënnert anerem déi Jonk an der CSV.

D'CSJ ass fir e Wahlrecht fir d'Auslänner, mä sou wéi d'Regierung et elo proposéiert, wär et ze restriktiv. Wéi kënne sech d'Auslänner besser integréieren a participéieren? Fir déi Jonk an der CSV, d'CSJ, geet dat iwwer d'Auslännerwahlrecht. Déi Positioun vertrëtt d'CSJ scho méi laang an op dee Wee hätt d'CSV och solle goen, seet de President Charel Hurt. Et géif een awer verstoen, datt ee mat de Froe vun der Regierung net averstanen ass. Et géing eigentlech drëm, fir den demokrateschen Defizit am Land ofzebauen. Sou wéi d'Regierung elo wéilt d'Auslännerwahlrecht aféieren, geet der CSJ net wäit genuch. Da wär et jo – als Auslänner - méi einfach d'Nationalitéit ze kréien, wéi d'Wahlrecht. Dat wier lächerlech.

D'Wahlrecht mat 16 Joer: do ass d'CSJ derfir, wann d'Rahmenbedingunge stëmmen. Dat heescht, wann d'Jugend sech een onofhängeg Bild vun der Politik ka maachen.

Wat d'Limitatioun vun de Ministesch-Mandater ugeet, huet d'CSJ nach keng offiziell Positioun. Den 21. Mäerz ass Nationalkongress.

CSJ/Reportage Carine Lemmer



CSV-Nationalrot: Dräimol Nee bei den 3 Referendumsfroen:


En dräifachen Nee war d'Positioun vun der CSV virum Nationalrot an dës Positioun huet mat 84% dann och d'Majoritéit vun de Member vum Nationalrot um Méindeg den Owend confirméiert.

CSV-Nationalrot: Reportage Monique Kater



Bis 21 Auer souz den CSV-Gremium zu Weimerskierch hannert zouenen Diere beieneen an um Enn war d'Parteileedung zefridden.

"Mir haten eng laang Diskussioun iwwert d'Participatioun vun den Net-Lëtzebuerger", sou de Claude Wiseler; den CSV-Fraktiounschef präziséiert, dass een dës Fro net hätt wëlle mat Jo oder Nee beäntweren, well se ganz wichteg an extrem komplex wier. Et wier eng Fro, iwwert déi esouguer eng gréisser politesch Diskussioun néideg gewiescht wier. D'CSV, den CSV-Nationalrot wier awer kloer fir eng Participatioun vun de Net-Lëtzebuerger: Déi eegen Haltung sollt dann och net als Refus, ma als een anere Wee vu Participatioun verstane gëtt an dee sollt sech iwwert eng Reform vum Nationalitéitegesetz ausdrécken. An et géifen och anerer Meenungen an der Partei, wéi an all de Parteien ...

Trotzdem hätt den Nationalrot mat der grousser Majoritéit vu 84% fir den 3 Mol Nee gestëmmt; jiddwereen hätt kënnen zu Wuert kommen a seng Meenung soen. Ugangs wiere ronn 100 Persounen am Sall gewiescht. A kee vun hinnen wier d'accord gewiescht mat der Propos vun der Regierung. De Parteipresident an hie wiere frou iwwer déi argumentativ Aart a Weis vun den Diskussiounen, sou de Claude Wiseler, an et hätt ee sech virgeholl, als Partei, an den nächste Méint, an der Referendumsfro genee esou virun ze fueren: mat Argumenter, ouni Polemik ... Et soll eng serieux Diskussioun ginn, déi net derapéiert.

Elo géif gekuckt, wéi een d'Haltung vun der CSV wäert no baussen matdeelen, eng richteg Campagne géif et net; villméi wéilt een de Leit d'Meenung vun der Partei erkläre goen.



 




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.