A Flamen an d'MuselZu Réimech gouf de Stréimännche verbrannt

Fir der Fuesent an de Geeschter vum Wanter Äddi an dem Fréijoer Moien ze soen, gouf zu Réimech op Äschermëttwoch traditionell de Stréimännche verbrannt.

Op Äschermëttwoch huet jo bekanntlech d'Fueszäit opgehalen an d'Faaschtenzäit ass ugaangen. Traditionell gëtt och deen Dag am ganze Land de Wanter symbolesch begruewen, awer néierens zu Lëtzebuerg gëtt dëst esou extra geféiert wéi um "Stréimännchen-Fest" zu Réimech.

Eng gutt Partie Leit hu sech dat och dëst Joer net entgoe gelooss an hunn zesummen e Mëttwoch den Owend d'Fréijoer begréisst.

Traditionell huet de Männchen och ëmmer eng eidel Fläsch an en eidele Portmonni dobäi, fir ze weisen, dass et elo duergeet mat der ausgeloossener Fuesstëmmung an dass d'Faaschtenzäit lo ugeet.

Dëse Brauch gëtt awer net nëmmen zu Réimech geféiert, mä och a ville Géigenden a Rheinland-Pfalz an och op verschiddene Plazen a Frankräich oder Éisterräich. Wat zu Réimech ganz gären traditionell gemaach gëtt, ass e gebakene Fësch iesse goen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.