RegierungsrotMartine Solovieff neie Procureur général

De Procureur général Robert Biever geet an d'Pensioun. Hien hält am Juli am Alter vu 66 Joer op. D'Martine Solovieff iwwerhëlt de Poste vum 1. August un.

Regierungsbriefing (27.02.2015)
Themen haut: Martine Solovieff gëtt Nofolgerin vum Robert Biever. Preparatioun vun der Visite vum François Hollande.

De Robert Biever hat 1972 als Affekot ugefaang an ass zënter 1978 beim Parquet.

2010 war hie Procureur général ginn.

Ënner senger Leedung ass d'Enquête Bommeleeër nees opgeholl ginn.

Säi Sprooch "Et wor net keen" huet mëttlerweil Kultstatus ...

Robert Biever iwwert d'Bommeleeër-Affaire: Et wor net keen!



Ugangs Februar hat en annoncéiert an d'Pensioun ze goen.

D'Martine Solovieff, déi de Posten iwwerhëlt, huet 29 Joer Experienz beim Parquet. Si war bis elo Premier avocat général.

Weider Decisiounen

D'Regierung huet dann och decidéiert, den 18. Mäerz dee ganzen Dag zu Senneng zesummenzekommen, fir iwwer d'EU-Presidence ze beroden an och een Agenda festzeleeën.

© Didier Weber


Weider sot de Premier, dass duerch déi nei Organisatioun vun de Gebaier vun der Uni Lëtzebuerg bis d'Enn vun dësem Joer schonn eng 5 Milliounen Euro u Locatiounskäschte géinge gespuert ginn.

E Règlement grand-ducal ass dann och nach am Regierungsrot ugeholl ginn, mat deem d'Indemnitéite vu Leit, déi a Wahlbureaue schaffen, nei reglementéiert ginn.

Ee weidere Sujet wor d'Reform vum Staatsrot. De Premier sot,  dass de Gesetzprojet an deem Kontext nach dëst Joer soll op den Instanzewee bruecht ginn. Wéi et geheescht huet, géifen d'Aarbechte gutt viru kommen. Bei dëser Reform geet et ënnert anerem ëm d'Erofsetze vun der Mandatsdauer fir d'Member vum Staatsrot vu 15 op 12 Joer.

© Didier Weber


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.