50 Joer FHLNei Erausfuerderungen am Spidolssecteur

Et soll net jiddereen a sengem Eck schaffen, mä zesumme si mer méi staark." Dat ass Devise vun der Fédération des Hôpitaux.

E Mëttwoch den Owend feiert d'Fédération des Hopitaux hire  50. Anniversaire an der Philharmonie. Mat dobäi ass iwwregens och déi Ierfgroussherzoglech Koppel. Déi fréier "Entente des Hôpitaux" zielt aktuell 16 Membere mat engem Total vu ronn 2.600 Better an net manner wéi 8.000 Mataarbechter.

Am Virfeld vun dësem groussen Evenement huet d'Corinne Folscheid mam President Paul Junck iwwer d'Erausfuerderunge geschwat, deenen de Spidolssecteur ausgesat ass.

Fédération des Hôpitaux / Reportage Corinne Folscheid

An déi si breetgefächert, betount de Paul Junck. Als Patronatsvertrieder verhandelt d'FHL zum Beispill de Kollektivvertrag fir déi puer dausend Salariéeën aus dem Spidolssecteur. Donieft vertrëtt d'Federatioun d'Intressie vun all de Spideeler. Dozou gehéiert och déi wichteg Aufgab, mat der CNS d'Enveloppe budgétaire auszehandelen. Just mat dëse Suen, engem Montant vun 860 Milliounen Euro, kënnen d'Spideeler fonctionnéieren.

D'Ëmfeld haut ass ee ganz anert, wéi viru 50 Joer. Deemools goufen et vill kleng a mëttelgrouss Akteuren. Haut ginn et véier grouss regional Centres Hospitaliers a fënnef spezialiséiert Etablissementer. Dobäi kënnt, dass de Secteur vill méi streng reglementéiert ass.

Paul Junck, President Fédération des Hôpitaux



D'Finanze sinn ee weideren Defis, betount de Paul Junck. De Budget vun 860 Milliounen Euro muss ganz gewëssenhaft agesat ginn. De Patient huet eng grouss Fräiheet, hei kann am Fong alles am Spidol froen, wat hie wëll, soulaang d'CNS et rembourséiert. Och d'Doktere si vill manner staark reglementéiert, wéi d'Spideeler, déi mat hirem gedeckelte Budget mussen auskommen.

Dem Paul Junck no mussen tëscht deenen dräi Akteuren Léisunge fonnt ginn. D'Spideeler wieren net dat eenzegt Element. Fir méi efficace ze schaffen koum et schonn zu enger Partie Fusiounen, d'Akteure gi méi grouss, stelle sech besser op a schafe Synergien. Et probéiert een op ville Plaze gemeinsam Saachen ze kafen, fir esou besser Konditioune fir all Spidol ze kréien.



Ee weidere grouss Projet fir d'Zukunft ass d'Schafe vun engem groussen zentrale Spidolslaboratoire. Awer och den neie Spidolsplang bréngt eng Partie Erausfuerderunge mat sech, ënnert anerem d'Schafe vu Kompetenzzentren. Un der FHL wier et elo ze kucken, a wéi enge Spideeler wat gemaach gëtt, sou nach de Paul Junck.

Kompletten Interview mam Paul Junck