Politmonitor, Deel 1Fir d'éischte Kéier eng Tendenz géint d'Auslännerwahlrecht

Dat ass ee Resultat aus dem Politmonitor, deen TNS Ilres am Optrag vun RTL a vum Lëtzebuerger Wort iwwert de Referendum gemaach huet.

48 Prozent vun de Wieler si géint d'Wahlrecht fir Auslänner, 44 Prozent sinn dofir an 8 Prozent sinn nach net decidéiert.

D'Meenungsfuerschungsinstitut TNS Ilres huet tëschent dem 19. an 30. Mäerz 1.179 Persoune Froe rondrëm de Referendum vum 7. Juni gestallt. De Politmonitor gouf am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gemaach.

Mat deem Resultat gëtt et ronn 10 Woche virum Referendum eng éischte Kéier eng negativ Tendenz.

Bei den auslännesche Residentë sinn 80 Prozent fir d'Awunnerwahlrecht.



Vill méi kloer ass d'Äntwert op d'Fro, ob ee scho mat 16 Joer soll kënne wiele goen. Just 28 Prozent sinn dofir, 67 Prozent dogéint.



Bei der Fro iwwert d'Limitatioun vun de Mandater vun de Ministere gëtt et e Status Quo. 54 Prozent vun de Wieler soe jo, 37 Prozent nee.



Politmonitor/Reportage Dany Rasqué



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.