VideoBrand an der Kathedral: De Reportage aus dem Abrëll 1985

30 Joer sinn et schonn hier, dass den Tuerm vun der Stater Kathedral komplett ofgebrannt ass. Kuckt d'Biller vun deemools.

Brand an der Kathedral: De Reportage aus dem Abrëll 1985 (01.04.2015)
30 Joer sinn et schonn hier, dass den Tuerm vun der Stater Kathedral komplett ofgebrannt ass. Kuckt d'Biller vun deemools.
De 5. Abrëll 1985, viru genee 30 Joer also, ass den iwwer 300 Joer ale Kierchtuerm, a Flamen opgaangen, nëmme kuerz virun der Visite vum Poopst Jean-Paul II am Mee.

Déi ganz Entwécklung vun der Katastrof war a Biller festgehale ginn. En däitschen Tourist hat dat Ganzt vum Knuedler aus gefilmt. Duerno waren natierlech och d'Equippe vun RTL op der Plaz.

Schweessaarbechten haten de Brand ausgeléist.

Den Tuerm war ganz séier eng eenzel Fakel a konnt net méi gerett ginn. Eng hallef Stonn nom Ufank vum Feier sollt den Tuerm noginn an ëmfalen.

Den Daach vun der Kathedral gouf beschiedegt, mä zum Gléck ass an der Kathedral selwer näischt geschitt an et gouf och kee blesséiert.

Den Asaz vun de Pompjeeë war net liicht an d'Gefor natierlech grouss, och well d'Klacken am Tuerm, vun engem Gesamtgewiicht vun 8 Tonnen, zu all Moment konnten eroffalen.

D'Klackespill gouf awer bal ganz zerstéiert. Nëmmen déi grouss Klack "Christ König Bourbon" blouf verschount.

Den Tuerm, deen tëscht 1613 a 1621 gebaut gouf, war deen eelste vun deenen 3. 1937 war en ëm 9 Meter vergréissert ginn an 2 weider Tierm goufen nogebaut.

De 17. Oktober 1985 gouf den Tuerm nees ganz opgeriicht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.