PhishingPolice warnt viru falscher Steieramt-E-Mail

Aktuell ass eng E-Mail, déi ausgesäit, wéi wa se vum Steieramt géif kommen, am Ëmlaf. D'Police deelt mat, datt Steieramt ni esou perséinlech Donnéeë freet.

D'Police warnt virun onéierlechen, déi via E-Mail probéieren, un Är Bankdonnéeën ze kommen.

Se schécken e Mail, deen ausgesäit, wéi wann e vum Steieramt géif kommen a behaapt, Dir géift Suen erëm kréien.

Doru gekoppelt ass d'Invitatioun, fir all Är Donnéeë vun Ärer Kreditkaart fir e Virement an ze ginn. D'Steieramt freet ni esou perséinlech Daten.

Wann Dir op den Trick eragefall sidd rufft bei der CETREL un, fir Är Kreditkaart ze spären. Et gëllt den Telefon 49 10 10.