Nepal4 Lëtzebuerger Benevole waren 12 Deeg an der Kriseregioun

Am Reportage den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg kritt der Impressiounen wéi et ass, an enger Katastroferegioun, wéi aktuell am Nepal, ze hëllefen.

Retour Secouriste vun Emergency.lu (09.05.2015)
No 12 Deeg am Nepal sinn dräi Lëtzebuerger nees zeréck bei hire Familljen.
Horrorbiller, Dierfer an deene keen Haus méi stoung, dat waren d'Impressiounen fir déi 4 Fräiwëlleger vun Emergency.lu, déi nom brutalen Äerdbiewen am Nepal an d'Katastroferegioun gereest sinn, fir den Rettungsequippen hir Kommunikatioun ënnerteneen ze koordinéieren. Um Samschdeg de Mëtteg sinn 3 vun de 4 Benevolen no 12 Deeg Aarbecht am Nepal nees heem komm. D'Equipe war haaptsächlech an de Bierger am Westen an am Osten vum Nepal am Asaz.

Virun dëse Missiounen ginn d'lëtzebuerger Secouristen a spezielle Stagen, och am Ausland, forméiert. Net nëmmen an Saache Rettungsaarbechten, mä och psychologesch, fir mam Leed, mat deem ee konfrontéiert gëtt, eens ze ginn.

Och nodeem d'Lëtzebuerger do waren, gëtt et weider schlecht Noriichten aus dem Nepal. D'Zuel vun den Affer nom schwéieren Äerdbiewen virun zwou Wochen ass op iwwer 8.000 geklommen. D'Autoritéiten hu bis haut 8.019 Doudesaffer registréiert, dorënner 68 Auslänner, an iwwer 17.000 Blesséierter. Nach ëmmer feelen den Autoritéiten Informatiounen iwwer méiglech Affer aus deenen entleeëne  Regiounen. Et gëtt dowéinst gefaart, ass d'Zuel vun den Affer nach weider klëmmt.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.