Rue ChimayMann randaléiert a schléit Policebeamten an d'Gesiicht

An der Dräikinneksgaass an der Stad huet en Dënschdeg géint 16.30 Auer e Mann op enger Terrasse vun engem Bistro randaléiert.

Wéi d'Police op d'Plaz koum huet de Mann engem vun de Beamte mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen. De Polizist gouf derbäi liicht blesséiert

De Mann huet dunn och versicht, deen 2. Beamten z'aggresséieren. Hie gouf awer immobiliséiert a matgeholl, fir niichter ze ginn.