Lëtzebuerger Bierger ParteiPartei wëll fir "Politik fir de Bierger a mam Bierger" stoen

An nach eng Partei: Een Dag no "Déi Liberal" huet sech um Dënschdeg déi nei "Lëtzebuerger Bierger Partei" eng éischte Kéier zu Wuert gemellt.

Nei politesch Mouvementer (16.06.2015)
"Déi Liberal" wëllen méi Fräiheeten a manner Staat, d'"Lëtzebuerger Bierger Partei" wëllt eng Politik fir de Bierger mam Bierger.
Déi nei Partei stéing fir eng Politik "fir de Bierger a mam Bierger zesummen". Et géing een sou vill Stëmmen ustriewen, datt - Zitat - "keng Partei laanscht eis keent, dat keng Partei sech leeschten kann net mat eis zesummen ze schaffen, dat keng Partei sech leeschten kann, eis Pläng ze ignoréieren".

D'Partei geet aus dem "Groupe Neiwahlen" ervir, déi sech an de sozialen Netzwierker fir nei Wahlen staark mécht.

Zu den Initiateure gehéieren Nadia Renkens, Vivi Bonomi an Daniel Rinck.

Lëtzebuerger Bierger Partei/Reportage Eric Ewald



Am Ufank wär een net zefridde gewiescht mam Spuerpak vun der Regierung, sot den Daniel Rinck, ee vun den Initiateuren, am RTL-Interview, an am Referendum vu virun 10 Deeg wär de Gros vun den dee Moment 2.000 Leit aus dem Grupp fir den Nee gewiescht. Aktuell huet de Grupp ronn 5.000 Memberen.

Et hätt sech erausgestallt, dass dee Vote ee géint d'Regierung géif ginn, an dat well vill Leit mat Rout-Blo-Gréng onzefridde wären.

Den Daniel Rinck





Schreiwes vun der neier Partei

Eng nei Partei ass gegrënnt:

Lëtzebuerger Bierger Partei

Dat ass den Numm vun eiser, enger néier Partei an eisem Ländchen.

Eis Partei steet fir:

Fir eng Politik fir den Bierger an mam Bierger zesummen

Transparenz

Solidaritéit

Ongerechtegkeeten an wéi enger Form och ëmmer ze bekämpfen.

Mir streiden zesummen fir eng Sozial Gerecht Famillen Politik.

Educatioun, Ausbildung an Betreien vun eisen Kanner ass fir eis immens wichteg.

Dofir:

Mir wëllen Aarbechtsgruppen aféieren déi als Conseiller fir Chamber sollen do sinn, an deenen Aarbechtsgruppen sollen Vertrieder vun den Virschoulen, Primaireschoulen,Lycéeën, an Uni sinn déi bei den Réunioun bei Aarbechtsgruppen vun den concernéierten Ministeren dobäi sinn. Chamber verflicht bei den Debatten iwwert déi Themen déi, déi Aarbechtsgruppen concernéierten en Vertrieder anzelueden deen Resultater, Fuerderungen asw direkt an der Chamber virbréngen kann.

Et versteet sech dat an deenen Aarbechtsgruppen och en gläichberechtegten Schülercomité vertrueden ass.

Kannerbetreiung (den selwechten System wéi bei der Educatioun)

Eis Sécherheet, Police an Arméi (den selwechten System wéi bei der Educatioun)

Landwirtschaft, Wäibau asw (den selwechten System wéi bei der Educatioun)

Bezuelbar Wunnen

Fir eng Sozial gerecht Steierpolitik.

Ongerechtegkeeten an wéi enger Form och ëmmer ze bekämpfen.

Mir setzen eis fir eng Lëtzebuergesch Politik an déi och den Courage huet zu Bréissel ze soen: Nee dat wëllen mir net, och am Kader vun enger EU muss een net alles matmaachen aner Länner hunn dat bewisen.

Mir setzen eis fir Lëtzebuerger Sprooch an, an en einfachen an Gratis Zougang zur eiser Sprooch well den Referendum kloer bewisen huet dat eng gutt Integratioun vun eisen Auslänneschen Frënn iwwert Sprooch villes vereinfacht.

Opgepasst elo gëtt et komplizéiert

Mir setzen eis an dat déi Politiker déi vun den Bierger gewielt sinn, déi déi meeschten Stëmmen kritt hunn och an der Regierung an an der Chamber vertrueden sinn, egal an wéi enger Partei deen Politiker ass.

Den Plang ass ganz einfach:

Memberen vun eiser Partei stinn am Virfeld net fir en Ministermandat zur Verfügung.

Fir dat fäerdeg ze bréngen brauchen mir Kandidaten déi matmaachen: Fir den Süden 23, den Norden 9, den Osten 7 an den Zentrum 21 mir wäerten dofir plädéieren dat Wieler eis als Partei wielen an net eenzel Léit, also net panachéieren

Memberen vun eiser Partei stinn am Virfeld net fir en Ministermandat zur Verfügung.

Mir wëllen dass déi kompetentesten Léit op deenen verschiddenen Ministerposten setzen déi och Vertrauen vum Vollek hunn egal an wéi enger Partei en ass.

Mir striewen esou vill Stëmmen un dat keng Partei laanscht eis keent,dat keng Partei sech leeschten kann net mat eis zesummen ze schaffen, dat keng Partei sech leeschten kann eis Pläng ze ignoréieren.

Den Hannibal sot: Entweder mir fannen en wee fir eis Ziel ze areechen oder mir maachen een!

Mir wëssen dat mir Vertrieder an den Gemengen brauchen, an deenen 4 Ecker am Land, mir hunn och schonn konkret aktiv matmaachen ugebueden kritt, dat ass bei eis notéiert an mir kommen op jiddereen zeréck.

Mee och dann veränneren mir näischt un eisem System, diskutéiert gëtt hei an mat iech all zesummen, mir decidéieren zesummen an net nëmmen wéi et an deenen aneren Parteien ass just den "haarden" Kär oder den Comité. Den Comité muss Organiséieren an op den Wee bréngen wat decidéiert ginn ass.

Regelméisseg ginn Informatiouns an Diskussiouns Versammlungen organiséiert wou jiddereen wëllkomm ass.

Eng Pressekonferenz ass an der Preparatioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.